Gesondheetssecteur Asaz vu Schnelltester imminent
Den Asaz vu Corona-Schnelltester hei am Land soll fir "ganz vill méi Flexibilitéit" an den nächste Wochen a Méint bréngen: dat huet d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert ugekënnegt, an der Chamber-Debatt gëschter. D'LSAP-Politikerin huet sech zefridde gewisen, datt d'Schnelltester endlech d'CE-Kennzeechnung kritt hunn, a se elo an Europa am Asaz sinn.

De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschteren
Fir festzeleeë wéi d'Corona-Schnelltester hei am Land sollen agesat ginn, hätt si gëschter eng Recommandatioun vun der Santés-Direktioun kritt, esou d'Ministerin Paulette Lenert. D'Lëtzebuerger Approche géif sech un där Schwäizer orientéieren, dat heescht datt dës Schnelltester haaptsächlech bei symptomatesche Patienten agesat solle ginn.
Donieft sollen d'Schnelltester hei am Land awer och generell an de Klinicken an Altersheemer zum Asaz kommen. "Quitt, dass wann e positiv getest gëtt, dass mer dat nach eng Kéier crosschecke mat engem PCR-Test", sou d'Gesondheetsministesch.
Pompjeeën an Apdikter sollen an Test-Laboen aushëllefen
Wat déi momentan Enkpäss an de Test-Laboen ugeet, sou wieren déi op d'Personalknappheet zréckzeféieren, huet d'Ministerin gëschter an der Chamber erkläert.
"Fir genau ze sinn, et sinn d'Preleveuren, déi eis feelen: do si mer op kompletter Capacitéit de Moment. Mir wäerten nieft deene Beruffer, déi mer elo schonn ausgewisen hunn, déi dësen Akt normalerweis net maachen, déi mer habilitéiert hunn, och nach anerer muer ausweisen, mat engem Projet, deen an der Regierung wäert presentéiert ginn."
Et géif dorëm goen z.B. Pompjeeën oder Apdikter duerch eng Zousazausbildung esouwäit ze kréien, datt si eng eng Hand kéinte mat upaken. Wa méi Personal zur Verfügung stinn, da solle weider Teststatiounen opgemaach ginn, preziséiert d'Gesondheetsministerin präziséiert.