Däitschland Areesverbuet an Däitschland?
Kënnt et an Däitschland zu engem Areesverbuet fir Passagéier aus Länner, déi vill Fäll vun de Coronamutatiounen hunn? Doriwwer gëtt den Ament diskutéiert, schonn haut kéint eng Decisioun falen. Och bei der Impfstrategie stelle sech Froen - virun allem, ob de Vaccin vun Astra Zeneca fir eeler Léit kompatibel ass an wéi eng Auswierkungen dëst op d'Impfcampagne hätt.
Däitschland plangt ouni d'EU. Op eng europäesch Léisung kéint een net waarden, sot den Inneminister Horst Seehofer mat Bléck op en Areesverbuet fir Léist aus Länner an deenen Mutatiounen vum Coronavirus staark verbreet sinn. Dofir soll haut eng Entscheedung iwwer weider Mesuren falen. Spiegel Online mellt awer, datt dës scho getraff gouf a scho muer en Areesverbuet fir Persounen aus de betraffene Länner a Kraaft kéint trieden. Dozou ziele Groussbritannien, Irland, Portugal, Südafrika a Brasilien. D'Areesverbuet soll awer net fir däitsch Staatsbierger, Diplomaten oder Persounen, déi an Däitschland liewen gëllen. Si missten awer en negatiivt Testresultat presentéieren éier si an de Fliger klammen. Och de Cargotransport soll net vun de Restriktiounen betraff ginn.
D'Mesurë sollen awer net nëmme fir de Fluchverkéier mee och all aner Transportweeër gëllen. Den Horst Seehofer sot méi staark Restriktioune wieren den Ament just fir déi betraffe "Mutatiounsregioune" geplangt, mee et kéinten nach Länner dobäi kommen, an deenen d'Zuelen staark klammen. Schonn leschte Sonndeg hat Däitschland méi strikt Areesconditiounen decidéiert, déi och fir Länner ouni héich Mutatiounszuelen gëllen.
Froen iwwer den Asaz vum Astra Zeneca Impfstoff bei eelere Persounen
E Méindeg wëll d'Bundesregierung mat de Bundeslänner a Vetrieder aus der Pharmaindustrie an der EU-Kommissioun een Impfsommet ofhalen, op deem diskutéiert soll ginn, wat méiglech mee eben och wat net méiglech ass, sot de Gesondheetsminister Jens Spahn haut Freideg op enger Pressekonferenz. Am Fokus wäert virun allem d'Fro stoen, wéi een an den nächste Wochen an Méint méi Impfstoff ka bereet stellen. Haut soll jo den Impfstoff vun Astra Zeneca offiziell an der EU erlaabt ginn, et ginn awer Diskussiounen, ob dësen fir eeler Persounen a Fro kënnt. Déi däitsch Ständige Impfkommission sot am Virfeld et wier net komplett nogewisen, ob de Vaccin bei Léit iwwer 65 de selwechte Schutz bitt, ewéi aner Impfstoffer.
D'SPD-Spëtzt wëllt d'Impfstoffstrategie upassen
D'SPD Chefin Saskia Esken sot et misst een dowéinst elo d'national Impfstrategie upassen an dofir suergen, datt méi alternativ Vaccine fir eeler Léit besuergt ginn. Den Impfstoff vun Astra Zeneca soll primär fir d'Personal a Klinicken a Fleegeheemer benotzt ginn. De Jens Spahn huet haut awer do virdru gewarnt, elo schonn d'Impfstrategie ze hannerfroen. Et misst een d'Entscheedung vun der europäescher Arzneimëttelagence ofwaarden an op hier Recommandatiounen hin entscheeden, ob de Vaccin fir eeler Persounen a Fro kënnt. Weider Diskussiounen wieren zu dësem Zäitpunkt verfréit.