Radioen

On air

De Moien  |  Wild Beasts - Mecca

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ArcelorMittal: "Kënnen net prezis soen, wat op der Deponie läit"

Berichter iwwer "illegal Deponie"

ArcelorMittal: "Kënnen net prezis soen, wat op der Deponie läit"

ArcelorMittal deposéiert keng riskant Offäll aus sengen aktuelle Produktiounsaktivitéiten op den Deponien um Crassier Déifferdeng: esou huet de Stolkonzern op d'Artikele vum Online-Magasinn reporter.lu reagéiert. Geféierlech Produktiounsoffäll géifen am Ausland traitéiert ginn.

auto_stories

2 min

Leie geféierlech oder gëfteg Stoffer op den Deponien um Crassier Déifferdeng?

De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschterenplay_arrow


An den Artikele bei reporter.lu war vun ëmweltschiedlechen Industrieoffäll rieds gaangen, vu Gefore fir d'Gesondheet, enger héich belaaschter Deponie a vun engem Verstouss géint d'Ëmweltgesetzer.

Am Fall vun Déifferdeng wier et falsch ze soen, datt do geféierlech oder gëfteg Stoffer gelagert ginn, esou de President vun ArcelorMittal Lëtzebuerg Michel Wurth: et wier éischter e "Stuerm am Waasserglas, wéi een Ëmweltskandal".

Wéi eng Offäll aus der Vergaangenheet op der Decharge leien, kéint een awer net mat Prezisioun soen, esou de Generaldirekter vun ArcelorMittal Lëtzebuerg Roland Bastian. Zesumme mam Ëmweltministère a mat de Verwaltunge géif elo opgeschafft ginn, wéi eng Offäll do leien. Dëst soll een transparente Prozess sinn, mam Zil Kloerheet ze schafen:

"D'Legislatioun, déi huet geännert iwwer déi Joerzéngten, wou d'Stolindustrie fonctionéiert. A wat virun 30 Joer nach erlaabt war, ass natierlech haut zum Deel net méi erlaabt. A wat alles do läit, dat kënne mir och elo vum Standpunkt vun haut net mat Prezisioun soen."

De Roland Bastian dementéiert, datt ArcelorMittal sech net un d'Gesetzer géif halen. Et wier falsch vun enger illegaler Deponie ze schwätzen.

Reporter.lu hat vun enger héich belaaschter, illegaler Deponie a vu Gefor fir d'Gesondheet geschriwwen. Zum Deel géifen net déi néideg Autorisatioune virleien, esou reporter.lu: an engem Fall géif den Ëmweltministère vun enger "illegaler" Deponie schwätzen.

Déi gréng Ëmweltministesch Carole Dieschbourg soll e Mëttwoch an der zoustänneger Chamberkommissioun Explikatiounen iwwer d'Dechargen zu Déifferdeng liwweren.