Sou richteg zefriddestellend waren d'Äntwerten net, déi de Bauteminister François Bausch an d'Finanzministesch Yuriko Backes e Mëttwoch an der Chamber dem CSV-Deputéierte Laurent Mosar geliwwert hunn: Deen huet zéi nogefrot, wat dann den Interêt fir d'ëffentlech Hand wier, fir mat 273 Milliounen Euro an de Projet K22 eranzeklammen. Déi nei ArcelorMittal-Firmenzentral um Kierchbierg wier e Prestigeprojet, de Fonds du Kierchberg an domadder indirekt de Staat géifen 92 Milliounen Euro iwwer de bail emphytéotique, deen iwwer 75 Joer leeft, akasséieren. Vill Ministèren an Administratioune géifen aus allen Néit platzen a bräichte séier nei Büroen. Dat waren d'Äntwerten e Mëttwoch. Alles gutt sou wäit, mee hätt een dat ganzt net och anescht a méi bëlleg kënnen hunn?
Et ass novollzéibar, dat de Staat e groussen Employeur an dem en och nach Aktionär ass, entgéint kënnt. Dat gouf och dacks gemaach: 2014 huet d'Spuerkeess mam Haaptaktionär Staat den ale Sëtz vun der ARBED an der avenue de la liberté fir 100 Milliounen Euro iwwerholl. De Lakshmi Mittal konnt näischt mat der aler Këscht ufänken.
Arcelor krut vill Faveure gemaach
Zënter de 70er Jore goufen dausende vun ARBEDs-Aarbechter an d'Preretraite geschéckt oder reklasséiert. Och hei huet de Staat ëmmer nees de Porte-monnaie opgemaach. Nach an der leschter Tripartite 2021 gouf e weideren Ofbau vu 500 Leit ugekënnegt.
Zesumme mam Staat sinn déi al ARBEDs-Frichen iwwer d'Agora nees revaloriséiert ginn. Terrainen, déi d'ARBED virdru praktesch geschenkt krut, konnten duerno fir Millioune verkaf ginn. Terrainen, op deenen den Assainissement ze deier war, goufe fir aner Zwecker wéi Logement ëmklasséiert.
Am Géigenzuch huet de Stolkonzern awer kee grousse Merci gewisen, ma sech éischter wéi en tockegt Kand beholl:
Wéi d'Wierk zu Schëffleng 2011 zou gaangen ass goufen d'Autoritéiten eréischt 2012 doriwwer offiziell informéiert. Wéi de Staat d'CO2-Emissiounszertifikater zeréck gefrot huet, ass ArcelorMittal viru Geriicht gaangen. An huet verluer.
Keng Sensibilitéit fir ëffentlech Interessen
An den 80er Jore goufe systematesch Dioxin-Grenzwäerter depasséiert, déi d'Elektrostolwierker produzéiert hunn. Zu Schëffleng hunn d'Awunner keng Zalot aus dem Gaart dierfen iessen.
D'Versprieche vun 2016 fir an eng nei Palplanche-Walzstrooss op Belval ze investéiere gouf bis haut net ëmgesat. De Konzern baut weider Personal of a verkeeft Sitten.
Et gëtt geblockt, wann d'Stad Esch Terraine brauch, fir Stéchstroossen oder Velosweeër ze bauen. No Sensibilitéit fir ëffentlech Interête klengt dat net. An deene Froen huet ArcelorMittal ëmmer knallhaart no den eegenen Interessie gekuckt.
Lo also de Kierchbierg. 15.000 Euro de Metercarré kascht den neie Stolpalast. En héije Präis. Den administrativen Deel vun ArcelorMittal huet domadder zu Lëtzebuerg eng Zukunft. Ob dat beim industrielle Volet och esou bleift, steet an de Stären. Ëmmerhi gëtt op Belval an en neien Elektrouewen investéiert. 3.000 Aarbechtsplaze bestinn aktuell nach.
De Staat muss Grenzen zéien
Wat genee d'Verhandlungspunkte waren, déi d'Regierung ganz an hirem eegene Public-Private-Partnership-Stil beweegt huet, an dat neit Gebai ze investéieren, bleift virleefeg e Secret.
De Staat muss awer och bei engem historesche Player Grenzen zéien. Soss kéinten aner Entreprisen, déi méi konsequent zu Lëtzebuerg investéieren, jo och mol uklappen.
Op engem Punkt hat de Minister Bausch e Mëttwoch och mat Bléck op d'Stolindustrie-Geschicht awer wuel Recht: Wann d'CSV an der Regierung wier, hätt se dat selwecht decidéiert.