arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Arcelor Mittal a Gewerkschafte si sech eens

Neie Kollektivvertrag

|
reading time

1 min

Arcelor Mittal a Gewerkschafte si sech eens

No ronn zwee Joer a schwierege Verhandlungen hunn Arcelor-Mittal an d'Gewerkschafte gëschter Owend een Accord fir en neie Kollektivvertrag fonnt. Dat confirméieren OGBL an LCGB op Nofro hin.

reading time

1 min

Virgesi sinn doran ënner anerem linear Augmentatioune fir déi verschidde Salairen an eng nei Joresprimm. Ganz um Ufank haten d'Gewerkschaften och d'Aféiere vun engem Vakanzegeld gefrot, eng Fuerderung, déi um Enn net erfëllt gouf. De Robert Fornieri vum LCGB ass trotzdem zefridden - den Accord wier positiv fir déi 3.300 Beschäftegt.

play_arrow Erklärunge vum Robert Fornieri

Den Transformatiounsplang soll d'Sitte Belval an Déifferdeng betreffen. Detailer dovu kréien d'Gewerkschaften Enn August presentéiert. De Robert Fornieri rappelléiert d'Fuerderung vun de Gewerkschaften, datt d'Regierung hir Responsabilitéit misst huelen an eng Stol-Tripartite soll organiséieren.