Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Apdikten: Engpass bei verschiddene Medikamenter

Gesondheet

Apdikten: Engpass bei verschiddene Medikamenter

Déi dräifach Epidemie, verursaacht duerch Covid-19, Bronchiolitis an der Gripp mécht net nëmmen de Klinicken ze schafen, mee och den Apdikten. A ganz Europa gëtt et den Ament Engpäss bei enger Rei Medikamenter. Zu Lëtzebuerg géif sech d'Situatioun awer erëm besseren.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Et sinn haaptsächlech Antibiotiquen, Anti-Inflammatoiren, Houscht-Siropen a Pëlle mat Codein, déi zu Lëtzebuerg den Ament feelen. Dat konnt de President vum Syndikat vun de Lëtzebuerger Apdikter Alain de Bourcy confirméieren. Hien huet d'Situatioun awer als "net katastrophal" beschriwwen. D'Penurië wieren duerch déi méi niddereg Produktioun wärend der Corona-Pandemie ausgeléist ginn. D'Produktioun wier net séier genuch eropgefuer ginn an doduerch géife sech Liwwerengpäss deelweis erklären.

Bis d'Demande bei eis nees ka gedeckt ginn, kéint et sech nach e bëssen zéien, well villes och a China produzéiert gëtt an et deemno dauert bis d'Medikamenter hei ukommen. Weider ass Lëtzebuerg och, wat d'Liwwerunge vu Medikamenter ugeet, vun den Nopeschlänner ofhängeg.

Bis Uganks Mäerz soll sech d'Situatioun nees verbesseren

Den Alain de Bourcy rechent awer domat, datt d'Situatioun sech an den nächste Woche leeë wäert, ënnert anerem och well d'Well u grippalen Infekter erëm zeréck geet. "Dat geet elo nach fir sechs Wochen, bis ugangs Mäerz oder sou, an normalerweis ginn déi Wantererkältungen dann awer erëm manner. Dat hänkt e bëssen dovun of, wéi déi klimatesch Konditiounen dobausse sinn an ech mengen, datt mir de Pic vun den Erkältunge plus ou moins elo hannert eis hunn."

Et géif een zu Lëtzebuerg och net erkennen, datt d'Leit ufänken, aus Angscht sech Medikamenter op Stock ze kafen. Dëst géif och nëmmen an een Däiwelskrees féieren an d'Situatioun verschlëmmeren, sou nach de President vum Apdikterverband Alain de Bourcy.