Schonn zënter dem leschten November gi systematesch Anti-Kierper-Tester gemaach: zënter gutt dräi Woche gëtt et elo een neit Verfare mat Gratis-Tester mat gedréchente Bluttdrëpsen, erkläert den Dr. Thomas Dentzer vum Gesondheetsministère.
Wéi beim Large-Scale-Testing kann ee sech ee Rendezvous fir an een Drive-In huelen. Do kritt een eng Kéier an de Fanger gepickt an e puer Drëpse Blutt ginn op e Stéck Pabeier gedréckt, wat dono am Labo analyséiert gëtt.
Donieft wier et méi bëlleg fir zu de Resultater vum Stand vun den Anti-Kierperen ze kommen.
"Et kann een Anti-Kierper bilde wann een infizéiert ginn ass a wann e geimpft ginn ass. An domadder wëlle mer noverfollegen an der Populatioun, wéi de Prozentsaz vun der Leit steigt, déi mam Virus a Kontakt waren oder geimpft sinn."
Dat géif hinnen ee potentielle Réckschloss op eng Immunitéit oder eng Herdenimmunitéit ginn.
Et géif och hëllefe fir ze decidéieren, wéini weider sanitär Mesurë kéinten zeréck gefuer ginn, ouni Risiko, datt erëm méi Leit sech mam Virus infizéieren, erkläert den Dr. Dentzer:
"Wann d'Hallschent vun de Leit elo geimpft sinn oder d'Hallschent vun de Leit Anti-Kierper hunn, ma dann ass déi Hallschent vun de Leit ganz wéineg susceptibel fir nach eng Kéier infizéiert ze ginn. Also kann de Virus net méi esou schnell duerch déi ganz Populatioun goen. An dat ass sécher e ganz wichtegen Indicateur fir elo iergendwann eng Kéier ze soen, mir droe keng Maske méi."
Lëtzebuerg hätt mam Large-Scale-Testing déi eemoleg Geleeënheet esou Schrëtt op Basis vu wëssenschaftlechen Donnéeën ze huelen, betount den Thomas Dentzer.
Pro Woch solle ronn 1.000 Blutt-Tester gemaach ginn, bei engem representativen Echantillon vun der Bevëlkerung.
