Duerch d'Gesetz vum 7. Juni dëst Joer mussen d'Telekom-Opérateuren net-identifizéierte Propriétairen hir Prepaid-SIM-Kaarten ofschalten. Dat seet de Pierre Goerens vum "staatleche Service des Médias et des Communications". Dat heescht, dës Prepaid-Kaarte wäerte vu muer un net méi funktionéieren. "An dann hunn d'Leit nach ëmmer d'Méiglechkeet, fir sech z'identifizéieren oder fir sech eng nei Kaart ze huelen."
Schonn zënter Ufank 2016 mussen d'Cliente sech ausweisen, éier hir nei Prepaid-SIM-Kaarten aktivéiert ginn. Dat war am Kontext vum Kampf géint den Terrorismus a géint d'Kriminalitéit esou decidéiert ginn, esou de Pierre Goerens.
"Fir z'evitéieren, datt Leit, déi a kriminellen oder terroristeschen Aktivitéiten involvéiert sinn, déi anonym Kaarte benotzen, fir ze kommunizéieren. Wou d'Police dann net weess, wien et ass."
"Ee Lach, wat op déi Manéier gestoppt gëtt"
De Verbuet vun anonymme SIM-Kaarten hei am Land war no den Terror-Attentater zu Paräis am Hierscht 2015 ugekënnegt ginn. Wéi zäitgeméiss ass esou e Verbuet, wann ee weess, datt ganz vill Kommunikatioun haut zum Beispill iwwer Applikatiounen op mobille Geräter leeft?
"D'Logik ass, datt duerch all Element, wat ee mécht fir hinnen d'Liewe méi schwéier ze maachen, d'Chance méi grouss gëtt, datt se iergend ee Feeler maachen. Dofir ass dat hei ee Lach, wat op déi Manéier gestoppt gëtt, mä et ass sécher, datt et nach anerer ginn." - Pierre Goerens
Ufank Mee ware manner wéi 20.000 anonym Prepaid-Kaarten hei am Land am Ëmlaf, seet de Pierre Goerens vum Service des Médias et des Communications. Dem Regulatiouns-Institut ILR no ginn et de Moment alles an allem 104.000 Prepaid-SIM-Kaarte vu Lëtzebuerger Operateuren.