Radioen

On air

Resonanzen  |  Robert Schumann - Fünf Stücke im Volkston, Op. 102, I. "Vanitas Vanitatum" - Mit Humor - Cyrielle Golin (Cello), Antoine Mourlas (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Steiergerechtegkeet fir Elengerzéiend

Monoparental Famillen

Eng Steiergerechtegkeet fir Elengerzéiend

Zu Lëtzebuerg läit den Taux vum Aarmutsrisiko bei monoparentalle Famille bei 45 Prozent, wäit iwwer dem europäeschen Duerchschnëtt vun 33 Prozent. Eng vun den Explikatiounen, fir déi héich Precaritéit vun de Monoparentallen zu Lëtzebuerg, wier hir Aarbechtssituatioun, seet d'Anne-Catherine Guio, Ekonomistin a Fuerscherin beim Fuerschungsinstitut LISER. Eng aner Ursaach ass eng ongläich Besteierung par rapport zu Koppelen.

auto_stories

2 min

Et hätt näischt mat Inaktivitéit an Deelzäit ze dinn, mee mat Aarmut op der Aarbecht. Heefeg wiere Leit betraff, déi géinge voll schaffen an trotzdeem ënner der Aarmutsgrenz liewen. Do léich Lëtzebuerg am europäesche Verglach ganz hannen.

Besonnesch betraff vun der Aarmut an de monoparentalle Famille sinn d'Kanner; en Drëttel vun hinne géif ënner materiellem Entbiere leiden. Zu Lëtzebuerg géif et donieft och eng grouss Ongerechtegkeet ginn, bei der Besteierung vun den Elengerzéienden.

"Monoparental Famille méi héich besteiert wéi Koppelen"

Studien iwwer Lëtzebuerg géife beleeën, datt d'Klass 1A, d'Klass vu den Elengerzéiende mat Kand, wesentlech méi besteiert gëtt, wéi d'Klass vun de Koppelen, seet d'Anne-Catherine Guio. Fir e selwechte Revenu géifen et enorm Differenzen. Monoparental Famille géifen zwee bis dräi Mol méi Steiere bezuele wéi d'Koppelen. De Collectif monoparental fuerdert méi steierlech Gerechtegkeet. Dëst Thema misst zu Lëtzebuerg méi diskutéiert ginn, seet d'Fuerscherin vum LISER.

Mat der Steierreform, déi dëst Joer a Kraaft getrueden ass, wier d'Regierung de Problem och net ugaangen. De Steierkredit fir monoparental Famille géif net d'Differenz tëscht Isoléierte mat engem Kand an de Koppele maachen. Déi Differenz géif duerch d'Steierbarêmer an duerch Steierabattementer entstoen.

"Et muss een och wëssen, datt de Steierkredit fir Kanner vun den Alimenter ofhänkt. Wann d'Alimenter, déi den aneren Elterendeel bezilt, méi héich ass, da gëtt de Steierkredit fir monoparental Famille gekierzt oder fält ganz ewech", seet d'Anne-Catherine Guio.

Een Drëttel vun dëse Kanner leit am Alldag ënner materiellem Entbieren

E Berechungsmodell moosst den Impakt vun der Aarmut a monoparentalle Famillen op d'Kanner.

Et hätt een en Indicateur fir ganz Europa entwéckelt, seet Anne-Catherine Guio. Wann ee Rumänien mat Lëtzebuerg géif vergläichen - onofhängeg vum Patrimoine - géif ee verschidden Analyse maachen a sech verschidde Froe stellen: "Huet d'Kand eppes ze iessen, kann et sech kleeden, huet et Schong fir säin Alter, kann et eng Woch d'Joer an d'Vakanz goen, kann et heiansdo an d'Piscine goen an zum Beispill e puer Frënn invitéieren ..."

Siwe kleng Mesuren definéieren den Indicateur de déprivation des enfants. An och do feelen engem Drëttel vun de Kanner, déi a monoparentalle Famille liewen, op d'mannst dräi Indicateure. Dat heescht en Drëttel vun de Kanner a monoparentalle Famillen leit am Alldag ënner materiellem Entbieren.