Récktrëtt Anne Brasseur zitt sech aus aktiver Politik zréck

D'DP-Deputéiert Anne Brasseur trëtt no 42 Joer an der Politik aus der Chamber zréck. Dat huet déi geléiert Psychologin a fréier Educatiounsministesch um Dënschdeg Mëtteg ugekënnegt. Si huet hiren Demissiounsbréif agereecht a wäert hiert Mandat op den 31. Januar opginn. D'DP-Politikerin huet sech vill fir d'parlamentaresch Assemblée vum Europarot engagéiert, dee si tëscht 2014 an 2016 presidéiert huet.

Françoise Keller / cbi

Brasseur - Colabianchi
D'Anne Brasseur an de Frank Colabianchi / Foto: Archiv & DP

An hirer Ried huet d'Anne Brasseur ënnert anerem de Wieler, der Regierung, der liberaler Partei an hire Frënn Merci gesot. Si hätt an hirer politescher Carrière ëmmer den Intérêt général am A gehalen, an dat op lokalem, nationalem oder europäeschem Plang. Et wier net ëmmer einfach gewiescht, mä si wier 42 Joer laang mat Häerz a Séil politesch aktiv gewiescht.

Nofolger gëtt de Frank Colabianchi

Nofolger vun der Anne Brasseur wäert den Nächstgewielte vun der DP bei de leschte Chamberswahlen, de Frank Colabianchi, ginn. Hie géif säi Mandat dann och untrieden, sou den aktuelle Buergermeeschter vu Bartreng, an dat mat vill Freed an Houfert. D'Anne Brasseur wier eng ganz grouss Perséinlechkeet an der DP, a wa sou eng Persoun engem d'Vertraue géif schenken, wier et schwéier, fir "Neen" ze soen.

De Frank Colabianchi wéilt säi Mandat als Buergermeeschter vu Bartreng weiderféieren - hie géif awer déi nächst Chamberswahlen am Oktober ofwaarden, fir z'entscheeden, ob hien et méiglecherweis géif néierleeën oder net. Hie wäert viraussiichtlech an der éischter ëffentlecher Chambersëtzung am Februar vereedegt ginn.

Méi zum Thema

Xavier Bettel
Regierung

De Xavier Bettel seet, hie géif net drop bestoe Premier ze bleiwen, wann d'DP no de Wahlen op en neits an d'Regierung kënnt. Domat weist hie sech méi zeréckhalend, wéi säi Vize-Premier Etienne Schneider.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen