Bulgarien hat sech bis elo géint Negociatioune mam Nopeschland gestäipt. Bei enger Visitt de Samsdeg zu Schengen huet déi däitsch Ausseministerin Annalena Baerbock mat Satisfactioun op deen neie Moment reagéiert.
"Das hat der russische Präsident definitiv nicht beabsichtigt. Aber in dem Moment, wo er Europa spalten will, wächst Europa nicht nur weiter zusammen, sondern wird Europa größer."
Dat wier genee déi Äntwert, déi een an dësen Deeg misst ginn, wann déi europäesch Friddensuerdnung a Gefor ass an et wier e wichtegt Signal fir de westleche Balkan, datt d'Land zu der europäescher Famill dozou gehéiert.
Jean Asselborn: Gutt op Schengen oppassen
Zu Schengen sinn 1985 d'Grenzen tëscht fënnef Länner ewechgefall. Haut gehéiere 26 Länner zum sougenannte Schengen-Raum. D'Annalena Baerbock war emol keng fënnef Joer al, wéi den Accord ënnerschriwwe ginn ass. De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn huet seng jonk Kolleegin gefrot, gutt mat deem Héritage ëmzegoen.
"Überall auf der Welt werden wir beneidet, dass man mit einem Visum durch 26 Länder reisen darf. Ich glaube, dass die Jungen Generationen - auch Politiker in Europa - sehr gut aufpassen müssen, und wir alle gut aufpassen mussen, dass wir Schengen aufrecht erhalten."