Als "Ambassadrice" vun der Lëtzebuerger Poesie a Literatur allgemeng beschreift de Kulturministère d'Anise Koltz an engem Communiqué.
D'Anise Kolz huet e ganze Koup Lyrikbänn hei zu Lëtzebuerg erausbruecht, mee och a Frankräich, a war 2015 mat der Lyrikanthologie "Somnambule du jour" déi éischt Lëtzebuerger Schrëftstellerin, déi an d'Lyrik-Rei vu Gallimard opgeholl gouf.
2009 koum een autobiographesche Prosaband eraus mam Titel "La Lune noircie". D'Anise Koltz huet och e puer Märercher an Erzielunge fir Kanner geschriwwen, ënner anerem "D'Khrëschtkënnchen kënnt" - oder " De Clown".
Hir Gedichter goufen awer op vill Sproochen iwwersat: Op Franséisch, Englesch, Hollännesch, Spuenesch, Portugisesch, Rumänesch, Polnesch oder och nach Russesch.
D'Anise Koltz gouf 1928 zu Eech gebuer. Am Ufank huet si op Däitsch geschriwwen. Domat huet si awer opgehalen, nom fréieren Doud vun hirem Mann - dem René Koltz 1971, deen an der Suite vu Folterungen duerch d'Nazien am Zweete Weltkrich gestuerwen ass. Vun do u gouf Franséisch zu hirer Literatursprooch.
1962 huet si och - deemools zesumme mat hirem Mann - d'Mondorfer Dichterdeeg an d'Liewe geruff. Bis 1974 gouf et bei dësem internationale Rendez-vous vun Auteuren enk Kontakter tëschent der internationaler an der Lëtzebuerger Literatur.
D'Kulturministesch Sam Tanson hat um Mëttwoch Owend schonn op Twitter reagéiert, kuerz nodeems d'Nouvelle vum Doud vun der Anise Koltz bekannt gi war.
Anise Koltz avait dédié sa vie à l'écriture et à la poésie. Ses poèmes, depuis le premier jusqu'au dernier, pénètrent au plus profond de notre conscience et éveillent à la dignité d'être et d'être libre. Nous perdons une grande poétesse. Mes condoléances à toute sa famille. pic.twitter.com/gffpeKLU8s
- Sam Tanson (@SamTanson) March 1, 2023
D'Anise Koltz war iwwregens ënner anerem Member vun der Paräisser Académie Mallarmé, dem belschen an dem franséische PEN Club, an och dem Lëtzebuerger Institut Grand-Ducal.