Allerdéngs misst ee kucken, wéi dee jonke Kolumbianer mam Drock vun den Erwaardungen eens geet, deen en 2019 net hat. Fir déi iewescht Plaz um Podium kéime mat Julian Alaphilippe, Romain Bardet a (virun allem) Thibaut Pinot och dräi Fransousen a Fro, mengt den Andy Schleck.
Eng nei Ekipp fir de Bob Jungels
Den eenzege Lëtzebuerger um Depart vum Tour 2020, de Bob Jungels, viséiert eng Etappevictoire a sengem leschten Tour mat Quick Step. D'nächst Joer, als Leader vu senger dann neier Ekipp AG2R wäert hien aner Ambitiounen huet.
De Bob Jungels wier net méi esou jonk, wéi dacks gesot gëtt, seet den Andy Schleck. Hie géif scho ganz laang op engem ganz, ganz héijen Niveau fueren. Dofir mécht de Wiessel an eng aner Ekipp dem Andy Schleck no Sënn maachen.
"Hien ass elo an enger Ekipp, déi warscheinlech déi stäerkst Ekipp am Peloton ass. Wann hie gär seng Chancen hätt an de Klassiker oder an den Tier, mécht et kee Sënn, an där Ekipp weider ze fueren. Do huet een eben aner Coureuren, déi vläicht déi bescht Coureuren am Peloton sinn."
Eng nei Ekipp géif Tapéitewiessel an eng nei Motivatioun mat sech bréngen. De Bob Jungels wier un der Hallschecht vu senger Karriär ukomm, dofir wier et "wierklech Zäit"; datt hien d'Ekipp wiesselt.
Speziell Precautioune fir den Tour de Luxembourg
Wéinst der Corona-Pandemie gouf d'Tour de Luxembourg, déi dëst Joer och zu enger ongewinnter Joreszäit gefuer gëtt, anescht organiséiert. Den Andy Schleck ass Direkter vum Tour de Luxembourg an zielt, datt Precautioune geholl gi sinn:
"Mir hu méi Hoteller, wou mer d'Ekippe méi verdeelen. All Ekipp huet extra Zëmmeren, wann da sollt e Fall do sinn, datt een dann d'Coureuren oder d'Membere vum Staff sécher kann isoléieren. Mir hunn zwee Dokteren, déi just an der Course si fir en A drop ze halen, wann dann eng Situatioun do ass, fir Krisemanagement kënnen ze maachen."
D'Vëlosfuerer géifen och vum Public ewechgehale ginn. Den Andy Schleck weist sech awer optimistesch, datt wann d'Reegelen alleguer applizéiert ginn, datt eng sécher Course fir d'Coureuren an d'Spectateure ka garantéiert ginn.