Sozialwahlen 2019 André Roeltgen kandidéiert net méi

Den OGBL-President André Roeltgen ass um nächste Kongress am Dezember net méi Kandidat fir seng eege Successioun. Déi Decisioun huet hie selwer geholl an op enger Pressekonferenz ugekënnegt.

Mick Entringer / cbi

Andre Roeltgen
Den André Roeltgen ass nach President vum OGBL. Foto: Archiv.

Domat zitt hien d'Konsequenz vu sengem perséinleche Resultat bei de Walen fir d'Salariatskammer wou hien am Grupp 5 just zweete Suppleant fir den OGBL gi war.

D'OGBL-Generalsekretärin Nora Back sot, si géif zur Verfügung stoe fir d'Presidence vun der Salariatskammer wou si Éischtgewielte ginn war am selwechte Grupp. D'Nora Back kandidéiert och am Dezember fir d'Presidence vum OGBL, ee Joer méi fréi wéi d'Gewerkschaft et eigentlech geplangt hat.

Méi zum Thema

Wahlen
Sozialwahlen 2019

Den OGBL behält mat 35 vu 60 Sëtz déi absolut Majoritéit an der Salariatskammer, huet awer dräi Sëtz un den LCGB verluer. De Chrëschtleche Gewerkschaftsbond huet elo 18 Sëtz an der Chambre des Salariés.

Manifestatioun-OGBL-LCGB
Éischt Resultater

Den OGBL bleift déi stäerkste Gewerkschaft an der Chambre des Salariés. Den éischten Tëscheresultater no verléiert den OGBL awer zwee Sëtz un den LCGB.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen