Radioen

On air

Notturno  |  The Whispers - Keep On Lovin' Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Keng Informatiounen un d'ADR ginn"

Fréiere SREL-Agent André Kemmer

"Keng Informatiounen un d'ADR ginn"

De fréiere SREL-Agent André Kemmer seet, hien hätt weder d'Presse nach d'ADR iwwer eng illegal Ecoute vum Geheimdéngscht informéiert. Den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen wousst schonn e puer Woche virum Artikel am Tageblatt doriwwer Bescheed. Wéi et schéngt krut hien dës Informatioun vun engem SREL-Mataarbechter. D'Geheimdéngscht-Kontrollkommissioun befaasst sech elo mat der Affaire.

auto_stories

2 min

De fréiere SREL-Agent André Kemmer dementéiert formell, datt hien Informatiounen iwwer eng illegal Ecoute vum Geheimdéngscht un d'ADR oder d'Press weider ginn hätt. Hie wier den 18. Mäerz duerch d'Meldung vum Tageblatt iwwer de Feeler am Geheimdéngscht informéiert ginn, esou den André Kemmer op Nofro hin.

De fréiere SREL-Mataarbechter confirméiert, datt hien ADR-Member ass. Hie wier mat méi Parteien a Kontakt gewiescht. Em 2014 hätt hie sech fir eng Memberschaft an der ADR decidéiert.

Ob hien zu Schëffleng fir d'ADR mat an d'Gemengewahle geet, wier nach net konkret mam ADR-Deputéierte Gast Gibéryen diskutéiert ginn. Et wier besser, fir t'éischt d'Resultater vun der Justiz ofzewaarde wéinst der SREL-Affaire vun 2013. Den André Kemmer war an dës Affaire involvéiert. Zënter 2013 ass hie suspendéiert ouni säi Gehalt verluer ze hunn.

Et war net keen

De Gast Gibéryen gouf wéi et schéngt vu SREL-Mataarbechter iwwert déi illegal Ecoute vum Geheimdéngscht informéiert. Dat huet de Premier Xavier Bettel dësen Donneschdeg de Membere vun der SREL-Kontrollkommissioun matgedeelt, sot de Claude Wiseler no der Reunioun. Leit vum Service de Renseignement hätten de Gast Gibéryen kontaktéiert an, "him eng Rei Saache gesot", sou de Claude Wiseler.

De Gast Gibéryen hat Enn Mäerz no enger Sëtzung vun der Institutiounekommissioun vun der Chamber dem Premier gesot, hien hätt schonn zwou bis dräi Wochen ier d’Tageblatt vun der illegaler Ecoute beriicht huet dovu gewosst. Vu wiem hien déi Informatioun krut, wollt den ADR-Deputéierten bis elo net soen. Op dës Informatioun vun engem SREL-Mataarbechter koum, wollt de Gast Gibéryen op Nofro hin net kommentéieren.

Enquête géint Onbekannt

D’Fro, firwat de Gast Gibéryen déi Informatiounen net un de Parquet weiderginn huet, géif d’Kontrollkommissioun iwwerdeems net betreffen, sot de Claude Wiseler. Hir Missioun wier et, fir nozelauschteren an Informatiounen ze sammelen, déi d'Aarbecht vun der Kommissioun géingen erliichteren.

Den Ament leeft eng Enquête géint Onbekannt, fir d’Source vum Leak ze identifizéieren. D’SREL-Direktesch Doris Woltz huet de Parquet wéinst engem eventuelle Verstouss géint d’Beruffsgeheimnis ugesicht.