Radioen

On air

Notturno  |  The Soft Pink Truth - Wanna Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Andrew Ferrone: "Bis elo een dréchent Joer"

Klima

Andrew Ferrone: "Bis elo een dréchent Joer"

Déi zwee éischt Fréijoersméint waren am Verglach zur Moyenne méi dréchen, seet den Andrew Ferrone, Chef vum Meteo-Service am Landwirtschaftsministère. De Manktem u Reen kéint Problemer mat sech bréngen.

auto_stories

2 min

Den Andrew Ferrone ass Meteorolog a vertrëtt Lëtzebuerg am Weltklimarot. Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Virun allem am Beräich vun der Landwirtschaft kann ze mann Reen längerfristeg Problemer schafen, seet de Meteorolog Andrew Ferrone. Beispillsweis géif d'Gras net genuch wuessen an de Schnatt vu Bauere géif deemno net sou gutt ausfalen.

"Dat féiert dann dozou, datt se hire Späicher net kënnen opfëllen an doduerch da musse Fuddermëttel bäikafe fir iwwer d'Wanterméint ze kommen."

D'Méint Mäerz an Abrëll si mat Ausnam vun der Muselgéigend iwwer d'ganz Land gekuckt ze dréche gewiescht, och wann et nach keng "extraordinär Situatioun" wier, seet den Andrew Ferrone.

Manner Reen, Temperature ginn an d'Luucht

An der Stad Lëtzebuerg ass ronn en Drëttel manner Ree gefall, am Norde vum Land bis zu 50 Prozent manner. Dat wier awer keen neie Phänomen, well d'meteorologescht Fréijoer zu Lëtzebuerg statistesch gesinn déi lescht 60 Joer méi dréche gi wier.

D'Temperature wieren an där Zäit och "signifikativ" ëm 1,6 Grad Celsius an d'Luucht gaangen, seet den Andrew Ferrone.

Ee Lien mam Klimawandel

Fir de Meteorolog a Lëtzebuerger Vertrieder am Weltklimarot hänkt dës Evolutioun och ganz kloer mam Klimawandel zesummen.

Momentan wier et ze fréi fir ze soen, ob d'Joer ze dréche géif ausfalen, mengt de Meteorolog Andrew Ferrone. Sécher wier awer, datt d'Phänomeen "Dréchent" eis och an de nächste Jore wäert weider begleeden.