Chamberwahlen 2018 Analyse vun der éischter Woch no de Chamberwahlen

De leschte Sonndeg huet Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt, fënnef Deeg duerno sinn d'Koalitiounsverhandlungen tësch DP, LSAP an déi gréng schonn am gaangen. An d'CSV riskéiert déi éischte Kéier an de leschten honnert Joer zwou Legislaturperioden hannerteneen an der Oppositioun ze sinn. Eng Analyse vum 100,7 Chefredakter Jean-Claude Franck am Gespréich mam Tessy Steffen Koenig.

Jean-Claude Franck / Tessy Steffen Koenig / cz

Analys Jean-Claude Franck
Jean-Claude Franck

Wéi sinn déi ënnerschiddlech Deklaratioune vun der CSV z'interpretéieren zanter hirer Wahlnéierlag de leschte Sonndeg? A wéi probabel ass e Succès vun de Koalitiounsverhandlungen tëscht DP, déi gréng an LSAP? D'Analys vum 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck

Méi zum Thema

Réckbléck op d'Wahlkampfwoch 5
Chamberwahlen 2018

De Wahlkampf ass dëse Freideg offiziell eriwwer, de Sonndeg wielt Lëtzebuerg en neit Parlament. Mir halen zeréck: Et war eng schwaach Campagne mat wéinegen Inhalter a wéinege Confrontatiounen.

Réckbléck op déi véiert Wahlkampfwoch Analys
Chamberwahlen 2018

Wéi ass déi virlescht Wahlkampfwoch verlaf? Wat fir eng Dynamik kann een esou kuerz virun de Chamberwahlen observéieren. D'Pia Oppel aus der Noriichteredaktioun mat enger Analys.

Réckbléck op déi zweet Wahlkampfwoch
Chamberwahlen 2018

Wéi verleeft de Wahlkampf? Wéi si verschidden Entwécklungen ze interpretéieren. Wat waren d'Themen? Den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck analyséiert déi zweet Woch vum Wahlkampf.

Jean-Claude Franck Analys
Chamberwahlen 2018

Wéi verleeft de Wahlkampf? Wéi si verschidden Entwécklungen ze interpretéieren, wat waren d'Themen? Den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck analyséiert déi éischt Woch vum Wahlkampf.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen