Radioen

On air

Notturno  |  Fruit Bats - It All Comes Back

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hausse vun Neiinfektiounen huet sech am Ofwaasser ugekënnegt

LIST

Hausse vun Neiinfektiounen huet sech am Ofwaasser ugekënnegt

Et kann een nach net vun enger drëtter Well vum Coronavirus schwätzen, och wann d'Zuel vun de Corona-Infektiounen an de leschten Deeg nees geklommen ass, seet d'Leslie Ogorzaly. Fir d'Fuerscherin vum Luxembourg Institue of Science and Technology koum déi nei Hausse bei den Infektiounen och net ganz iwwerraschend. D'lescht Woch haten d'Fuerscher vum LIST scho festgestallt, datt Konzentratioun vum Coronavirus am Süde vum Land zougeholl huet.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Cyrille Hill lauschteren


D'Analys vum Ofwaasser an de Kläranlagen am Kader vun der Coronastep-Etüd fonctionéiere souzesoen als Fréiwarnsystem fir d'Verbreede vum Coronavirus - dowéinst analyséieren d'Fuerscher vum LIST dës Wäerter zanter Mëtt Mäerz reegelméisseg. D'Etüd schafft mat 13 Kläranlagen am Land zesummen. Domat si gutt 65 Prozent vun der Populatioun gedeckt. D'lescht Woch war an de Kläranlagen zu Beggen, Schëffleng a Beetebuerg d'Konzentratioun vum Coronavirus am ënnersichten Ofwaasser liicht geklommen. Nach ëmmer niddereg bis net noweisbar ass d'Konzentratioun am Norden.

Mëttlerweil si méi genee Analyse méiglech

Déi geographesch Opdeelung vun der Viruskonzentratioun ass an de leschte Méint méi genee ginn, esou d'Leslie Ogorzaly, Coordinatrice vun der Etüd. D'Donnéeë géife mëttlerweil direkt a Verbindung mat der Gesamtzuel vun den Neiinfektiounen an där spezifescher Géigend analyséiert ginn.

D'Leslie Ogorzaly mengt awer, datt d'staarkt Klamme vun den positive Corona-Tester dës Woch net den Ufank vun enger drëtter Well wier. D'Konzentratioun vum Virus am Ofwaasser wier ni ganz verschwonnen, d'Klamme vun de Fäll wier als Fluktuatioun bannen der zweeter Well ze wäerten.

Genee Grënn fir d'Klamme vun de Fäll sinn onbekannt

Tëschent der éischter an der zweeter Well wier de Virus kuerzzäiteg quasi komplett aus dem Ofwaasser verschwonnen, dat wier elo net de Fall gewiescht, esou d'Fuerscherin.

Déi genee Grënn fir d'Klamme vun de Fäll ze nenne wier schwiereg, als méiglech Grënn nennt d'Coordinatrice vun der Etüd awer d'Rentrée an d'Heemrees vu ville Leit aus der Vakanz. D'Coronastep-Etüd sollt Enn 2020 auslafen, eng Verlängerung am Joer 2021 wier awer ganz warscheinlech.