Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Analys Chamberwalen - Reaktiounen vun de Parteien

Chamberwahlen 2018

Analys Chamberwalen - Reaktiounen vun de Parteien

Aus enger Etüd vun der Uni Lëtzebuerg geet ervir, datt 40 Prozent vun de Wieler eréischt eng Woch virun de Wahlen hire Choix gemaach hunn.Wéi reagéieren d'Parteien op d'Conclusioune vun dëser Etüd? Eng Partei, déi heivunner profitéiert huet, sinn déi gréng. D'LSAP a virop d'CSV konnten an der leschter Woch virun de Wahlen dogéint manner Leit mobiliséieren.

auto_stories

3 min

An der Etüd vun der Uni Lëtzebuerg gëtt festgestallt, datt de Chômage bei de Wahlen 2013 de bestëmmende Sujet war. 2018 war d'Fro vum Logement fir 85 Prozent vun de Wieler dat wichtegst Wahlkampfthema.

En anert Ëmfeld wéi 2013

Fir de Franz Fayot, Parteipresident an Deputéierte vun der LSAP, weist dat, datt een an enger anerer Zäit géif liewe wéi nach viru fënnef Joer. D'Wahle vun 2013 wieren nach staark dominéiert gewiescht vun engem Ëmfeld no der Finanzkris. Elo hätt ee gesinn, datt bei den "Zukunftstheme" wéi d'Wunnengsproblemer oder der Ëmweltpolitik gesäit, d'LSAP "scheinbar net déi attraktiivst Optioun" war.

D'Martine Hansen, Fraktiounscheffin vun der CSV, zitt déi selwecht Schlëss wéi de Franz Fayot. Ee Problem wier ënner anerem gewiescht, datt een Éischtwieler net fir sech gewanne konnt a potentiell Wieler net mobiliséiert krut. "Wahrscheinlech ware mir net kloer genuch, well et war keng richteg Opbrochstëmmung do." Dorunner misst d'CSV schaffen an et misst een "nach méi proaktiv mat deenen Iddie kommen", fënnt d'Martine Hansen, an dat hätt een an der Oppositioun wëlles, fir och konstruktiv Virschléi ze maachen.

déi gréng: "Den Nerv vun der Bevëlkerung getraff"

Virschléi a politesch Sujeten, déi déi gréng richteg abordéiert hätten, esou de Christian Kmiotek. An der éischter Regierungsbedeelegung hätt een eng gutt Aarbecht gemaach, an dat wier och honoréiert ginn. Fir de Parteipresident vun déi gréng steet awer fest, datt d'Wahlen net an der Vergaangenheet gewonne ginn, mee duerch Virschléi fir d'Zukunft. "An ech denken, datt mir do zumindest bei engem Deel vun der Bevëlkerung mat eisen Themen den Nerv getraff hunn."

Am Rapport vun der Uni Lëtzebuerg fält op, datt vill Jonk Wieler de gréngen d'Vertraue geschenkt hunn. Dat mécht sech och duerch aktuell gesellschaftspolitesch Phänomener bemierkbar, esou de Christian Kmiotek. D'Manifestatioune fir de Klima géife weisen, datt déi gréng Theme wéi Ëmweltschutz, Déiereschutz oder Klimaschutz "virun allem déi jonk Leit [...] interesséieren".

Erausfuerderunge vun de Volleksparteien

Bei der CSV an der LSAP stellt sech dat anescht duer. Béid Parteien hunn eng breet Basis a gi virun allem vun der eelerer Wielerschaft favoriséiert. Als Vollekspartei dierft een awer net just gewësse Gruppe cibléieren, fënnt de Franz Fayot. D'LSAP kéint keng Partei sinn, déi just Politik fir Leit iwwer 60 mécht. "Mir sinn eng progressiv Partei, mir sinn eng lénks Partei." Do misst intergenerationell Solidaritéit eng grouss Roll spillen, fënnt de Parteipresident vun der LSAP.

Mat den dräi roude Linnen, mat deenen d'LSAP an de Wahlkampf gaangen ass, dem Index, dem Mindestloun an de Renten, hätt een wichteg Sujeten, mee net d'Suerge vum Wieler ugeschwat, esou de Franz Fayot. D'Martine Hansen seet, datt d'CSV virun enger Erausfuerderung géif stoen an de Rapport dat och géif ënnersträichen. D'Theme vun de Chrëscht-Soziale wieren net attraktiv fir Jonker gewiescht. Dat wier den Challenge vun enger Vollekspartei, datt een all déi verschidde Couche vun der Gesellschaft an déi ënnerschiddlech Beruffer géif uschwätzen. "Mir hunn deen Challenge net richteg gemeeschtert", esou d'Analys vun der CSV-Fraktiounspresidentin.

De Rapport vun der Uni Lëtzebuerg ass Deel vun enger gréisser Enquête zu de Wahlen. Enn dës Joers wëllt d'Uni Lëtzebuerg hir global Analys zu de Wahle presentéieren.