arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Sammelkloen an noer Zukunft

Sammelkloen

|
reading time

3 min

Keng Sammelkloen an noer Zukunft

Et wäert nach daueren, bis e Gesetzesprojet fir Sammelkloen do ass. Dat seet d'Marie-Josée Ries, Direktesch vum Bannemaart an der Consommatioun am Wirtschaftsministère. Am Regierungsprogramm war d'Aféiere vun deem Instrument virgesinn. Am Fréijoer hat d'EU-Kommissioun eng Propositioun fir eng Direktiv iwwer d'Sammelkloe presentéiert. Allerdéngs geet een am Wirtschaftsministère net dovunner aus, datt d'Direktiv nach virun den nächsten Europawahle komme wäert.

reading time

3 min

D'Propositioun vun der EU-Kommissioun gesäit vir, datt Kloen am Numm vun enger Grupp vu Konsumente bei Infraktioune géint d'Konsumenterecht kënne gemaach ginn. Allgemeng géif et d'Iwwerzeegung ginn, datt de gesetzleche Kader ganz gutt wier, seet d'Marie-Josée Ries vum Wirtschaftsministère. Si hält Sammelkloen awer fir néideg, well et "u sech an der Ëmsetzung e bësse feelt. Wann een dat da weider kuckt, dann heescht dat och, datt individuell kann e Problem sinn, dowéinst ass ënner anerem och eng Direktiv komm iwwer d'Résolution extra-judiciaire des litiges, also fir d'Mediatioun ze fërderen." Mee och an engem méi grousse Kader, wann also vill Konsumenten op déi selwecht Aart a Weis an hire Rechter "léséiert" gi wieren, misst ee kënnen aktiv ginn.

Wirtschaftsministère: Éischten Text existéiert, enk Concertatioun mat der Belsch a Frankräich

Et hätt een elo eng éischt Versioun vun engem Text am Ministère ausgeschafft, deen een am September nach eemol mat de concernéierten Acteuren diskutéiere géif. Dobäi wéilt een der Direktiv net onbedéngt virgräifen, seet d'Marie-Josée Ries vum Wirtschaftsministère.

"An deem hei Fall gesi mir och, datt déi Propositioun de directive relativ kontroverséiert ass. Mir gesi wuel grouss Stoussrichtungen an déi probéiere mir natierlech och an eisem Text mat opzehuelen. Also et ass net, wéi wa mir eis do wéilten dovunner ganz ecartéieren. Mee, et muss ee realistesch soen, datt een net weess, ob deen Text esou wéi en um Dësch läit an en vue vun awer gréissere Froen déi vill Länner stellen, ob deen Text deen herno adoptéiert gëtt nach deen ass, deen elo de Moment um Dësch läit."

De Wirtschaftsministère géif sech mat der Belsch a mat Frankräich austauschen, well béid Nopeschlänner d'Instrument vun de Sammelkloe schonn agefouert hunn an eng ähnlech juristesch Traditioun hu wéi Lëtzebuerg.

Finanzement iwwer e Fong?

Eng Fro, déi sech stellt, ass de Finanzement. Um Ministère kéint ee sech virstellen, datt de Staat e spezielle Fong géif schafen, seet d'Marie-Josée Ries.

"Wat awer e Fond de roulement wier, dat heescht, datt et net de Staat wier, deen do systematesch géif déi Actions collectives finanzéieren, dat menge mir ass net de Rôle vum Staat."

UEL: Sammelkloen onnéideg

D'UEL fënnt, datt Sammelkloen onnéideg sinn, seet den Nicolas Henckes, Member vum Exekutivcomité vum Patronatsverband. An de leschte Jore wiere schonn alternativ Methoden opgestallt ginn, déi zum Beispill d'Mediatioun fir de Konsument géifen einfach zougänglech maachen.

An der Propositioun vun der EU-Kommissioun ass just virgesinn d'Sammelkloen am Konsumenterecht anzeféieren.

Well awer duerch d'Feelverhale vun Entreprisen och Schued fir aner Entreprisen entstoe kann, ass dës Zort vu Kloen och am Konkurrenzrecht interessant, seet d'Marie-Josée Ries.

De Patronatsdaachverband huet nach keng kloer Positioun dozou, seet den Nicolas Henckes. "Mir hunn eng Prinzipiepositioun, déi seet, déi Recours collectifs bréngen näischt. Wann d'Politik sech trotzdeem géif entscheeden, fir eng Méiglechkeet fir se anzeféieren, da géif d'UEL sech d'Fro stellen, ob een de PMEen dës Méiglechkeet och sollt ginn."

Fir den Ament wier ee sech awer nach net sécher, op dat sënnvoll wier, esou den Nicolas Henckes.

Konsumenteschutz setzt sech fir Sammelkloen an

Am Juni huet de Wirtschaftsministère e Seminär zum Thema Sammelkloen organiséiert, bei deem ënner anerem de Konsummenteschutz ULC an de Patronatsdaachverband UEL representéiert waren. D'ULC setzt sech fir de Recours Collectif an a gesäit de Verlaf vun den Diskussiounen op Nofro hin bis elo positiv.