Sozialwahlen 2019 An iwwer 300 Betriber gouf keng Delegatioun gewielt

Iwwer 300 Betriber hunn hir Flicht, fir eng Personaldelegatioun ze wielen, net respektéiert. 336 Betriber hunn den 12. Mäerz keng Delegatioun wiele gelooss, obwuel d'Gesetz dat virschreift. Déi betraffe Betriber mussen elo mat juristesche Konsequenze rechnen, seet den Direkter vun der ITM Marco Boly.

Pierre Reyland / cbi

Marco Boly
De Marco Boly, Direkter vun der ITM. Foto: Archiv.

All Betrib mat 15 Salariéen oder méi huet missten den 12. Mäerz Delegatiounswahlen ofhalen. Déi 336 Betriber, déi keng entspriechend Demarche gemaach hunn, géifen an den nächsten Deeg eng Kontroll vun der ITM kréien, seet hiren Direkter de Marco Boly.

D'ITM leet déi Dossieren, falls néideg, un d'Justiz weider, an de Riichter entscheet iwwer méiglech Strofen. Prinzipiell missten an deene Betriber d'Delegatiounswahlen dann och nogeholl ginn, esou de Marco Boly. Wéi eng Zort vu Betriber et sinn, déi sech net un d'Regel gehalen hunn, kéint een esou genee net soen.

Nach ëmmer keng komplett Resultater

Datt a 336 Betriber net gewielt gouf wier och eng vun den Ursaachen, wisou nach ëmmer keng komplett Resultater vun deenen Delegatiounswahle virleien. Vu ronn 3.800 Betriber, déi hir Resultater iwwer deen neien elektronesche System mussen deklaréieren. hunn der bis elo just 2.650 dat gemaach.

Dorunner wier net deen neien elektronesche System schold, seet de Marco Boly, mee a verschiddene Betriber wieren d'Resultater och kontestéiert oder et wiere Faillite ginn. Et wier awer wichteg, datt déi Societéiten identifizéiert gi sinn an datt déi géife wëssen, datt an den nächsten Deeg oder Wochen ee vun der ITM do géif laanschtkommen.

De Direkter vun der ITM betount nach, a ronn 94 Prozent vun de Betriber gewielt gi wier. E Pourcentage, deen dem Marco Boly no, vill méi héich wier, wéi bei de leschte Sozialwahlen.


Detailer mam Pierre Reyland:

Lauschteren

Méi zum Thema

Resultater Sozialwahlen Analys
Sozialwahlen 2019

An den Etablissementer mat iwwer 500 Salariéë kréien d'Gewerkschafte bal 90 Prozent vun den Delegéiertemandater. Den OGBL verléiert liicht un Zoustëmmung beim Personal, während den LCGB gewënnt.

Adrien Thomas
Sozialwahlen 2019

Kréien d'Gewerkschaften nees méi Afloss an de Betriber? Oder confirméiert sech den Trend vun 2013, wéi eng éischte Kéier méi wéi d'Hallschent vun den Delegéierten net op Gewerkschaftslëschte kandidéiert haten.

Net verpassen

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen