Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "An enger klenger Gemeng ass dat méi schwiereg"

E Logement fir Flüchtlingen

"An enger klenger Gemeng ass dat méi schwiereg"

Zu Hesper ass de Moien eng ukrainesch Famill an een Haus vun der Gemeng erageplënnert. Bannent nëmmen e puer Deeg huet d'Personal vun der Gemeng d'Gebai prett gemaach. Als grouss Gemeng wier een do zum Deel méi reaktiv, seet de Buergermeeschter Marc Lies.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Si sinn zu véier ënnerwee: eng eeler Fra, hir Duechter an där hir zwee Kanner - am Grondschoulalter. D'Männer sinn, wéi a sou ville Fäll, an der Ukrain bliwwe fir ze kämpfen. Elo wunnen si also zu Hesper an net zu méi zu Kiew, "hoffentlech just fir e puer Wochen", seet d'Mamm vun de Kanner.

Schonn um Dag wéi de Krich ausgebrach ass war fir si kloer, datt si d'Land misste verloossen. An den Hesper Buergermeeschter Marc Lies war sech sécher, datt d'Gemeng misst agéieren:

"Ech sinn awer kontaktéiert gi virun zéng Deeg vun enger Fra wou d'Fra Ukrainerin ass, an déi eng Aktioun elo déi lescht Deeg gestart hunn fir Leit ze recuperéieren aus der Ukrain. Doraus ass dann direkt entstanen, wou sinn d'Méiglechkeeten, déi mir hunn, fir eppes ze maachen."

Hei schléift d'Mamm mat hiren zwee Kanner déi nächst Wochen.

En onbewunnt Haus gëtt elo genotzt

D'Haus op der Route de Thionville nieft der Tankstell gehéiert der Gemeng. Et war bis elo onbewunnt, soll iergendwann opgerappt ginn - mee gëtt awer elo genotzt.

"D'Haus ass awer nach funktionell. Eis Ekippen hunn an de leschte puer Deeg d'Haus esou ageriicht, datt et ëmgebaut ass. D'Waasser war ni ofgestallt, et ass och gehëtzt."

Zwou Kichen an zwee Buedzëmmeren goufe bannent e puer Deeg improviséiert.

Zwou Kichen an zwee Buedzëmmere goufen nieft de Kummeren ageriicht, alles vum Gemengepersonal. Net all Gemeng huet déi Flexibilitéit an dee Besëtz, dat weess och de Marc Lies:

"Et schéngt mir fir eng grouss Gemeng méi einfach ze sinn an deem Sënn, datt se méi Infrastrukturen hunn, an och een anere Pool vun Ekippen a Ressourcë fir Saache schnellstméiglech ëmzesetzen, dat schéngt mir evident. An enger klenger Gemeng ass dat sécherlech méi schwiereg."

Hesper huet och Refugiéë mat Statut, déi scho méi laang hei liewen, vum lokale staatleche Foyer a Wunnenge vun der Gemeng ënnerbruecht, fir datt esou am Foyer och nach Plaze fir Ukrainer fräi ginn.

D'Kanner vum Personal vun der Gemeng hunn de Weekend de Kannereck dekoréiert.