Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Kee Pilot méi am Fliger"

LSAP

"Kee Pilot méi am Fliger"

D'LSAP huet dëse Sonndeg bei de Gemengewahle bal fënnef Prozentpunkten u Stëmme verluer. Donieft bréngt si et a wichtege Gemengen net fäerdeg, an eng Koalitioun ze kommen. Mä kee wëllt Responsabilitéit iwwerhuelen.

auto_stories

4 min

Jean-Claude Franck

Virun dräi Joer war d'LSAP schonn déif gefall: Bei den Europawahle kruten d'Sozialisten nëmmen nach knapp 12 Prozent vun de Stëmmen. D'Strategie, mat där d'Regierungspartei deen Negativtrend stoppe wollt, war e "Moderniséierungsprozess". "Innovativ", "fortschrëttlech", "federführend", mat enger "klorer" Positioun "lénks vun der Mëtt", a mat enger "besserer Kommunikatioun no baussen a bannen". Dat waren déi grouss Wierder deemools.

Vun enger Kris an déi nächst

Weder am Verfassungsreferendum, nach an der Steierreform, nach an deenen anere wichtegen Dossieren huet d'LSAP et fäerdegbruecht, hir Strategie a Musek ëmzesetzen. De sozialistesche Vizepremier Etienne Schneider huet kuerz virum Referendum déi detailléiert Critèrë fir dat proposéiert Auslännerwahlrecht net kannt, an no der Néierlag vun de Regierungsparteien de 7. Juni 2015 huet d'LSAP wéi déi aner Parteien och de Kapp agezunn a gehofft, datt an dëser Legislaturperiod kee méi vun där neier Verfassung schwätze géif. Dono gouf mat der Steierreform zwar Kafkraaft vun de Leit verbessert, mä besonnesch innovativ a fortschrëttlech waren a sinn d'Steiererliichterungen net. Se goufen och éischter breet ugeluecht, an net besonnesch sozial gestaffelt.

Kloer den Toun uginn huet d'LSAP an der Regierung och net: déi blo-rout-gréng Regierung ass virun allem eng, an där net vill diskutéiert gëtt, an all Minister sou zimlech maache kann, wéi e wëllt. Hannert zougehalener Hand zielen LSAP-Politiker gären, datt si mat ville Positioune vun den anere Regierungsparteien net averstane wieren, mä datt den Etienne Schneider sech am Regierungsrot net géif queesch stellen, soulaang déi aner Ministere vun DP an déi gréng och hien a senge Ressorte géife gewäerde loossen.

Verzweiwlung amplaz vu klorer Linn

Wéi et dunn op d'Gemengewahle lassgaangen ass, huet d'LSAP gemengt, si misst der CSV de Wand aus de Seegelen huelen, andeems si mat der DP an déi gréng e Gesetz fir e Vermummungsverbuet lancéiert. Wéi mir haut wëssen, huet och dee verzweiwelte Plang näischt bruecht. An de grousse Gemengen am Land ass generell méi konservativ gewielt gi wéi an der Vergaangenheet, an d'Burka-Diskussioun huet d'Leit net dovun ofbruecht, mä si am Contraire héchstens nach dozou encouragéiert.

Bei dëse Gemengewahlen huet d'LSAP souguer hir "Bastioune" vu sougenannte lénke Fligel verluer (Esch a Monnerech); zweetens mussen d'Sozialiste grad nokucken, wéi hei an do Koalitiounen ouni LSAP-Participatioun forméiert ginn.

Déi falsch Reaktioun

Wann dann de Vize-Premier dem Lëtzebuerger Wort no seet, dat schlecht Resultat vun der LSAP wier d'Schold vun de sozialistesche Spëtzekandidaten a vun enger populistescher CSV, a wann de Parteipresident Claude Haagen mengt, d'LSAP wier jo awer nach ëmmer zweetstäerkst Partei op Gemengenniveau an deemno géif sech grad "op héijem Niveau" beklot ginn, da weist dat virun allem, datt d'LSAP d'Zeeche vun der Zäit net erkannt huet. D'Partei ass net nëmmen am Gaangen hir klassesch Wielerschaft ze verléieren, mä si huet och keng Féierungsspëtzt méi, déi weess, wéi ee sech an Zukunft verhale soll.

D'Erneierung ass net gelongen, de politeschen Nowuess gouf net opgebaut, d'Parteilinn net mat klorer Handschrëft ëmgesat. Symptomatesch ass d'Verhale vum Aarbechtsminister Nicolas Schmit, dee sech schonn um Europäesche Rechnungshaff gesinn huet an deklaréiert huet, datt d'Zäit komm wier, fir am Osten nei Gesiichter opzebauen, deen dunn awer nom gescheiterte Carrièreswiessel u sengem Ministermandat festgehalen huet. Haut geet hien hin a seet, d'Sozialdemokratie wier an der Kris. Datt e Verhale wéi säint zu där Kris bäidréit, héiert de Minister net gär.

Wien iwwerhëlt Responsabilitéit?

Um Enn ass dee virun dräi Joer annoncéierte Moderniséierungsprozess eng eidel Annonce bliwwen. Der Partei schwammen d'Feller dovun, mä si ass net bereet d'Weichen ze setzen, fir deen Trend ze stoppen. Et ass och kee bereet, iergend eng Responsabilitéit fir déi aktuell Situatioun z'iwwerhuelen. Spéitstens an engem Joer, no de Chamberwahlen, wäerte mir nach eng Kéier doriwwer schwätzen.

Kommentar vum Jean-Claude Franckplay_arrow