Beim generellen Heesche géif keng Gefor fir d'Ëffentlechkeet bestoen, esou d'LSAP Ministesch Taina Bofferdeng. Deemno kéint de Stater Gemengerot och kee Verbuet via Policereglement ausschwätzen.
Verschidde Forme vu Mendicitéit, wéi déi aggressiv oder déi organiséiert, sti schonn ënner Strof, sou d'Taina Bofferding.
"An dat Reglement wat d'Stad Lëtzebuerg elo well huele verbitt awer all Form vun der Heescherei. An dofir ass hiert d'Reglement net konform zu der nationaler Gesetzgebung. Well eisem Gesetz no ass déi einfach Mendicitéit net verbueden."
Generellt Heescheverbuet net am Aklang mat internationale Recht
De majoritär blo-schwaarze Stater Gemengerot hat a sengem neie Policereglement virgesinn, datt vu Méindes bis Sonndes jeeweils vu siwe bis zéng Auer owes d'Heeschen an der Uewerstad, op der Gare an zu Bouneweg sollt verbuede ginn. Dësen Artikel 42 wier der Inneministesch no och net konform mam internationale Recht. Ee weider Grond fir hire Veto wier, datt den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter och scho kloer gesot hätt, datt déi einfach Mendicitéit net verbuede wier an zu enger Gesellschaft géif gehéieren.
T. Bofferding: Et gi keng einfach Léisungen
D'Taina Bofferding bedauert och, datt d'Gemeng Lëtzebuerg net am Virfeld mam Inneministère iwwert hir Pläng geschwat hätt.
D'Stad Lëtzebuerg huet elo dräi Méint fir Recours géint d'Decisioun vun der LSAP-Inneministesch ze maachen. D'Gemengen Dikrech, Ettelbréck an Diddeleng déi hirersäits schonn zënter e puer Joer eng änlech Reegelung hunn wiere scho kontaktéiert ginn a wéissten, datt Si hiert Policereglement missten upassen, esou nach d'Taina Bofferding. D'Inneministesch huet sech dann awer nach politesch zum Sujet geäussert. E Verbuet wier keng Äntwert op de Probleem. De Sujet wier politesch nach net ofgeschloss an et géif net déi eng einfach Léisung ginn esou d'Taina Bofferdeng.