Krich an der Ukrain Amnesty kritiséiert ukrainesch Krichs-Taktiken

Ukrainesch Offizieller sinn net frou mam Bericht vun Amnesty International, deen d'Taktike vun der Ukrain am Krich mat Russland kritiséiert. D'Mënscherechtsorganisatioun seet datt d'ukrainesch Arméi Zivilisten an hirem eegene Land a Gefor setzt.

Philip Crowther (Lviv) / sam

Krich an der Ukrain: Kiew ënner Beschoss
Kiew ënner Beschoss. Foto: picture alliance / Photoshot | Yuliia Ovsiannikova / Avalon

Lauschteren


D'Konklusioune vun Amnesty Bericht sinn datt d'ukrainesch Arméi sech a Schoulen, Apartmentsgebaier, an och Spideeler verschanzt a vun do och Ugrëff start. D'Mënscherechtsorganisatioun seet datt esou Taktiken an 19 Stied an Dierfer benotzt goufen.

Journaliste vun der Noriichtenagence AP hunn änlech Zeene gesi wéi déi déi beschriwwe ginn.

Amnesty seet awer och datt esou Taktiken op kee Fall russesch Ugrëff op Ziviliste justifiéiert. Déi beschreift d'ONG als Krichsverbriechen.

Ukrainesch Reaktiounen op de Bericht

Ukrainesch Offizieller sinn net frou mam Bericht vun Amnesty International. Den Ausseminister Dmytro Kuleba seet d'Aschätzunge wieren onfair a géifen eng falsch Equivalenz schafen tëschent engem Kriminellen an engem Affer, tëschent Russland an der Ukrain.

Dem ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj sengem enkste Beroder no ass de Bericht en Deel vun enger Desinformatiouns- a Propaganda-Campagne - de Bericht gëtt a ville russeschen a pro-russesche Medien zitéiert.

Méi zum Thema

Chamber a Selenskyj
Krich

D'Lëtzebuerger Parlament huet weider Waffe-Liwwerungen un d'Ukrain decidéiert. Dat ass een zentrale Punkt aus enger Chamber-Motioun, nodeems den ukrainesche President sech un d'Deputéiert geriicht hat.

Krich an der Ukrain: Kiew ënner Beschoss
Ugrëff vu Russland

De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen