De Meeschter wier gläichgestallt mam Diplom vum Techniker, engem Premièresdiplom am Enseignement general, dem fréieren Technique. Dobäi misst ee fir d'Meeschterprüfung vill méi maachen, kritiséiert de Serge Peiffer, Vizepresident vun der Amelux. De geléierten Débosseleur-peintre hält Coursen am Lycée technique du Centre.
Ëmmer méi Techniker géifen och amplaz vun engem Meeschter agestallt ginn, fir e Beruff ze enseignéieren, dofir hätten si awer net déi néideg Kompetenzen, seet de Serge Peiffer:
"De Meeschter gëtt jo ausgebilt fir e Betrib ze leeden oder opzemaachen, oder fir Leit auszebilden an déi Kompetenz huet en Techniker net. An et ginn och Leit déi mat engem CATP agestallt ginn, fir dann Leit auszebilden. Dat gesi mir als fatal un, do fänkt schonn de Problem un: Wann do keng ausgebilte Leit anerer ausbilden, kréie mer e Rateschwanz, deen ni ophält."
Doriwwer huet de Serge Peiffer och mam Minister Claude Meisch an enger Reunioun dës Woch geschwat. D'Direktesch vum Service de la Formation profesionnelle (SFP) hätt d'Fro gestallt, wou si d'Leit soss sollen hierkréien.
De Serge Peiffer fënnt, datt d'Direktesch schonn Recht hätt, datt keng Leit do wieren, mee wann de Ministère awer näischt géing ënnerhuelen fir déi Problematik ze ënnerbannen, da kënnen net nëmmen keng Leit fonnt ginn, mee et géifen der och keng nokommen.
De Vizepresident vun der Amelux gesäit als eng éischt Léisungspropos, datt den héchsten Diplom am Handwierk - de Meeschter - op den Niveau 6 gehuewe gëtt:
"Well wann een d'Kompetenzen vergläicht mam europäesche Qualifikatiounskader, dann erfëllt de Meeschter déi Ufuerderungen, déi do dra stinn. Dat ass Wëssen, also den theoretesche Volet, an natierlech och Fäegkeeten fir déi Theorie an d'Praxis ëmzesetzen."
Meeschter setzt Basiswëssen an dat Praktescht ëm
Do hätt de Meeschter e ganz grousse Virdeel op all déi aner, wéi e Bachelor oder e Master, seet de Serge Peiffer. Déi meescht hätte just e Basiswëssen an der Theorie, mee de Meeschter misst dat Basiswëssen och an dat Praktescht ëmsetzen:
"Dat ass déi éischt Fuerderung an déi zweet Fuerderung wier, datt en DAP gläichgestallt gëtt mat enger Première. Natierlech fir dat ze maachen muss den DAP vun dräi Joer op véier Joer gesat ginn an natierlech mussen och méi Sprooche mat agebonne ginn. An da kréie mir och méi Leit an d'Formatioun eran, fir en Handwierk auszeüben."
De Serge Peiffer seet, datt sech de Ministère bei der Fro, ob de Wëllen do ass, fir deene Fuerderungen nozekommen, net eendeiteg geäussert hätt. Et géif nach analyséiert ginn, an et wier kee Jo a keen Nee:
"Fir eis ass dat op Zäit gespillt. Dat heescht, iergendwann ass dat Ganzt erëm aus den Augen aus dem Sinn. Et ass wéi en Déjà-vu: Et gëtt eng Kéier ugeschnidden dat Thema Handwierk, et gëtt an de Medien schéi geriet, an da gëtt net méi driwwer geschwat."