Radioen

On air

Simon Says  |  Super Sounds Namba - Who's Free

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ambigu Post-LuxLeaks-Visiounen an de Wahlprogrammer

Chamberwahlen 2018

Ambigu Post-LuxLeaks-Visiounen an de Wahlprogrammer

Spéitstens zanter dem LuxLeaks-Skandal kuckt Europa zimlech genee op d'Lëtzebuerger Steierpolitik. Lëtzebuerg géif haut een anere Steiermodell vertrieden, soen déi Responsabel haut, véier Joer dono. Mee wéi een? A wéi soll sech Lëtzebuerg an Zukunft an deem Gebitt op der europäescher Tribün presentéieren?

auto_stories

6 min

"Mir sinn am Ausland um Radar, wat d'Steieren ubelaangt", sot de Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna op enger Table ronde vum radio 100,7, wéi hien als Vertrieder vun der DP mat anere Lëtzebuerger Politiker iwwer d'Perspektiven an der nationaler Steierpolitik debattéiert huet.

De Pierre Gramegna war déi lescht fënnef Joer an deem Domaine d'lëtzebuergescht Gesiicht op der europäescher Tribün, an hie weess, mat wat een do konfrontéiert gëtt.

Digital Steier: Lëtzebuerg ass elo dofir, mee ...

Ganz konkret kuckt d'EU den Ament op Lëtzebuerg, an der Diskussioun iwwer eng aner Besteierung vu groussen Internet-Entreprisë wéi Google Apple oder Amazon. An hei huet den DP-Minister an de leschte Woche seng Positioun geännert.

"Mir mussen eis elo eens ginn an elo Decisiounen huelen", hat de franséische Finanzminister Bruno Lemaire déi lescht Woch zu Lëtzebuerg gesot. An de Pierre Gramegna huet op där Reunioun dat widderholl, wat de Premier Xavier Bettel scho bei sengem Optrëtt mam franséische President Emmanuel Macron uganks des Mounts ugedeit hat: Lëtzebuerg blockéiert an deem Dossier net méi, ënner der Konditioun, datt déi nei Steier zäitlech limitéiert ass an ee laangfristeg upeilt, datt se op internationalem Niveau eenheetlech geregelt gëtt.

Kee Lëtzebuerger Blockage also bei der Propositioun, grouss Entreprisë kuerzfristeg um Ëmsaz ze besteieren. An hirem Wahlprogramm ass d'DP nach op der aler Linn. Si wier d'Accord domat, datt d'Internet-Entreprisë méi gerecht besteiert ginn. Allerdéngs:

"Eine voreilige Lösung auf EU-Ebene birgt in unseren Augen jedoch die Gefahr, innovative Unternehmen abzuschrecken. Wir streben indessen einen internationalen Kompromiss auf OECD-Ebene an."

Et ass jo net sécher, datt de Pierre Gramegna Lëtzebuerg weider als Finanzminister zu Bréissel vertrëtt. Wat geschitt, wann deen Dossier zum Beispill nees an CSV-Hand ass, gi mir am Programm vun der Chrëschtlech Sozialer Vollekspartei net gewuer.

Och d'LSAP ass op deem Sujet net ganz gespréicheg, d'Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei ass ganz allgemeng fir eng Besteierung vun digitalen Entreprisen - heescht et an hirem Programm - woubäi dat net vill ausseet, well carrement dogéint ass wuel keen.

Wat soen déi aner? Och do gëtt ee méigleche neie Steiermodell fir Google a Co net allze detailléiert beschriwwen. déi gréng wëllen digital Entreprisë responsabiliséieren. déi Lénk wëllen dat och. Bei hinne fält op, datt si déi eenzeg sinn, déi kritiséieren, datt Lëtzebuerg et bis elo refuséiert, 250 Millioune Steiere vun Amazon anzekasséieren. Eppes, wat d'Europäesch Kommissioun verlaangt, Lëtzebuerg awer viru Geriicht ufecht.

Regierungsparteien: Ambigu Haltung zum Lëtzebuerger Modell

Wann et ëm Perspektiven an der Steierpolitik geet, misst een zu Lëtzebuerg "extrem virsiichteg an och verstänneg sinn", sot de Pierre Gramegna op der 100,7-Table ronde. Et fält effektiv op, datt de Lëtzebuerger Modell, op deen d'Ausland jo spéitstens zanter LuxLeaks zimlech genee kuckt, bei de Parteien net méi offensiv verdeedegt gëtt. Mat Ausnam vläicht vun der CSV - déi sech net vun der vergaangener Politik distanzéiert.

D'Regierungsparteien huelen deels eng ambigu Haltung an. Engersäits klappe si sech op Schëlleren: Lëtzebuerg ass op kenger Schwaarzer Lescht vu Steieroasen méi, freet sech d'DP; d'Regierung hätt d'Gesetzer den europäesche Standarden ugepasst, stellt d'LSAP fest, et wiere wichteg Schrëtt gemaach ginn, soen déi gréng.

Anerersäits gi Schrëtt proposéiert, déi d'Regierung selwer awer net an Ugrëff geholl, respektiv op europäeschem Niveau virugedriwwen huet.

déi gréng fuerderen zum Beispill eng europäesch Steierpolitik, déi besser koordinéiert ass - a wëllen:

"sich für die Einführung einer gemeinsamen konsolidierten Körperschaftssteuer-Bemessungsgrundlage einsetzen, damit Unternehmen ihre Gewinne nicht künstlich kleinrechnen oder in andere EU-Länder verschieben können, um ihre Steuerlast zu senken."

Deen Dossier hänkt den Ament op EU-Niveau an dës Regierung huet sécher net dozou bäigedroen, datt et do méi séier virugeet.

Finanztransaktiouns-Steier: LSAP a Gréng dofir, Regierung dogéint

D'LSAP wëllt op EU-Niveau een eenheetleche Mindesttaux fir Entreprisen aféieren, an:

"Daneben befürwortet die LSAP eine globale Finanztransaktionssteuer und setzt sich dafür ein, dass die EU als 'global player' hier eine Vorreiterrolle einnimmt."

Nieft déi Lenk sinn och déi gréng fir esou eng Steier. Lëtzebuerg mécht awer net mat bei där Finanztransaktiouns-Steier a gehéiert net zu den zéng EU-Länner, déi zanter 2013 doriwwer diskutéieren. Do huet sech an dëser Regierung wuel d'DP-Linn duerchgesat, d'DP bleift nämlech derbäi:

"In jedem Fall ist eine Besteuerung von Finanzgeschäften nur vorstellbar, wenn alle Staaten mitmachen, um ein 'Level Playing Field' zu erreichen."

Den Ausdrock "Level playing field" - also déi selwecht Konditioune fir jiddwereen um Marché - kënnt jo nawell dacks vir, wa Lëtzebuerger Politiker op internationalem Plang iwwer Steierpolitik schwätzen. Och d'ADR, déi allgemeng géint eegen europäesch Steieren ass, gräift dat op. Si ass fir Steiergerechtegkeet op internationalem Plang, also iwwer d'Europäesch Unioun eraus. Dëst zur Konditioun, datt et ee "Level playing field" gëtt.

Méi Transparenz - Pirate soen Neen

Wann et ëm déi sougenannte Steiergerechtegkeet oder de Kampf géint Steierevasioun geet, ass dacks rieds dovun, datt méi Transparenz néideg ass. déi Lénk proposéiere konkret:

"une publication des rescrits fiscaux, des registres des bénéficiaires économiques effectifs et par la publication de toutes les informations comptables pertinentes des entreprises (reporting public pays-par-pays)".

D'EU-Kommissioun hat effektiv proposéiert dës Donnéeë public ze maachen. Allerdéngs stäipt sech och do ënner anerem Lëtzebuerg dogéint. Ganz domat d'Accord ass d'Piratepartei, fir déi et op dësem Gebitt net ëm méi Transparenz geet:

"En automateschen Informatiounsaustausch vu Konteninformatiounen tëscht Banken a Steierverwaltungen ass eng Verletzung vu Privatsphär vun de Bankclienten. D'Pirate fuerderen en Zeréck zu den fréiere Gesetzer, wou Informatiounen nëmmen op Demande iwwermëttelt ginn"

Deemno misst fir d'Piraten hei d'Rad also zeréckgedréint, an d'Bankgeheimnis nees agefouert ginn. Déi couragéiert Decisioun, d'Bankgeheimnis ofzeschafen, hätt sech an der Tëschenzäit als goldrichteg erausgestallt, stellt par konter d'DP an hirem Programm fest.