Radioen

On air

Concert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Am ganze Land kann ee Pirate wielen

Landeskongress vun der Piratepartei

Am ganze Land kann ee Pirate wielen

D'Piratepartei rechent mat enger däitlecher Stäerkung bei de Gemengen- a Chamberwalen dëst Joer, an den Europawalen d'nächst Joer. Dat sot de Piraten-Deputéierte Sven Clement um Landeskongress vu senger Partei zu Péiteng. De Kader-Walprogramm gouf eestëmmeg ugeholl. Ee Leitmotiv doran ass méi Matbestëmmung an der Politik vun de Biergerinnen a Bierger.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Biergerbedeelegung wier de Wee, fir d'Vertraue vun de Leit an d'Politik zréck ze kréien, sot den Tommy Klein, deen am Februar als Direkter vum Meenungsforschungs-Institut ILRES zréckgetruede war. Elo ass hie bei de Pirate Beroder a Kandidat am Zentrum fir d'Chamberwalen. Eng Fuerderung ass ee kommunale Biergerrot.

"Et geet net duer, all fënnef Joer e Klimabiergerrot ze maache vum Xavier Bettel. Wann ech d'Bierger mat schwätze loossen, dann hunn ech méi Vertrauen an déi do uewen. A wat dat och mécht, wann herno Mesuren decidéiert ginn, da ginn déi och éischter akzeptéiert, well ech hu mat geschwat."

Deemno géingen d'Decisiounen och an de Perspektiven an an den Interête vun de Bierger getraff ginn, mengt den Tommy Klein.

218 Fraen a Männer sinn op de Lëschten

D'Pirate wieren am Opwand: an de Sondagen, bei de Memberszuelen, bei de Kandidaten. Dat sot hiren Deputéierte Sven Clement.

"Et kann een dëst Joer am ganze Land, net nëmme bei de nationale Walen, mee och bei de Gemengewalen, am ganze Land Pirate wielen. An dat eleng ass e grousse Succès fir eis all."

Am Ganze kandidéiere 218 Fraen a Männer fir d'Pirate bei de Gemengewalen. An 13 Proporzgemengen, drënner d'Haaptstad an Esch, hunn d'Pirate komplett Lëschten. Den Ament hunn si véier Gemengemandatairen, dovun dräi, déi 2017 direkt gewielt goufen, an een, deen duerch Komplementar-Walen era koum.

"Mir sinn net nëmme bei de Gemenge méi staark ginn, mee mir wäerten dëst Joer bei de Gemenge sécher nach e gutt Stéck méi staark ginn."

"Schaarf" op Sëtz am Europaparlament

Och fir d'Chamberwalen hofft de Sven Clement, datt den Opwand bäihëlt.

"Sou datt mir net méi just zu zwee do wäerte sëtzen, mee datt mir aneren hir Sëtzer wäerte streideg maachen, an e puer méi Piraten op déi schéi rout Sëtz wäerte kréien."

A mat änlechem Optimismus kucken d'Piraten och schonn op d'Europawalen d'nächst Joer, wou si sech opsetze wäerten, a wou si de Sëtz vun der Monica Semedo am A hunn.

"Wann eng Europadeputéiert zweemol sanktionéiert ka gi vun hirem Parlament, ech mengen dee Sëtz, dee muss verluer goen, an dee Sëtz, op dee si mir Pirate schaarf, an dee wäerte mir d'nächst Joer huelen."

D'Europawale wäerten am Fréijoer 2024 stattfannen.