Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am Fong: Journée nationale Patient-Partenaire

Video

Am Fong: Journée nationale Patient-Partenaire

Eng Table ronde mat villen Acteuren iwwer de Modell a seng Ëmsetzung. Vun der Spidolsfederatioun initiéiert, soll de Modell vum Patient-Partenaire bekannt gemaach ginn. Moderatioun: Natasha Ehrmann.

auto_stories

2 min

Haut ass déi éischt Journée nationale du Patient-Partenaire. Vun der Spidolsfederatioun initiéiert, gëtt et dëst Konzept scho méi laang.

Dat besteet doranner, datt de Patient als Expert an déi medezinesch Decisiounen agebonne gëtt. Op Aenhéicht, soll den Dokter dem Patient begéine fir dass déi zwee Hand an Hand de néidege Wee vun Traitementer an Entscheedunge ginn.

Als Partner soll de Patient besser iwwer seng Krankheet informéiert ginn. Iwwerdeems alleguerten déi professionell vum Secteur méi iwwer säin Zoustand gewuer ginn. De Modell versprécht och Käschten an Zäit ze spueren. Mat der Journée soll de Modell verstane ginn, fir besser kënnen applizéiert ze ginn.

Et muss e Bewosstsinn entstoe fir d'Avantagë vum Empowerment vum Patient eng Akzeptanz ze ginn, an deemno déi néideg Ëmsetzung ka gemaach ginn. D'Notioun soll een Deel vum Debat public ginn.

An der Emissioun "Am Fong" souze sechs Persoune ronderëm den Dësch. Nieft der Gesondheetsministesch, och aner Vertrieder vum Secteur, Patienten, esouwuel wéi d'Patientevertriedung, oder déi fréier Presidentin vum Cercle vun de Generalisten.

Aus der Pandemie hätt ee geléiert dass d'Responsabiliséierung dem Secteur zu Gonschte kënnt, a Säiten der Politik géif ee sech och déi néideg Mëttel gi fir de Modell ëmzesetzen. Wat gëtt vun de Patiente gefuerdert, wéi muss d'Gesondheets Personal ëmdenken. Wat si Revendicatioune vu Patienten unhand vun hirer Erfarung ?

An der Emissioun ass de Modell erkläert ginn an déi verschidden Invitéen hunn aus aus hirer Sicht erzielt wisou d'Konzept wichteg ass, an a wéi wäit een Ëmdenken esou wéi en erofkomme vun enger paternalistescher Medezin dem System ze gutt kënnt.