Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Als Verléierer an d'Kanzleramt?

Däitschland

Als Verléierer an d'Kanzleramt?

En historesch schlecht Walresultat, net méi stäerkste politesch Kraaft am Land: Fir d'Unioun vun CDU an CSU war d'Bundestagswal en Desaster. Hire Spëtzekandidat Armin Laschet gesäit dat awer net esou drastesch, au contraire: Hie wëllt an d'Kanzleramt. Wéi kann dat sinn? A wéi kéint et geléngen, freet eisen Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch.

auto_stories

3 min

Bei der Unioun vun CDU an CSU gouf et laang Zäit eng gëlle Reegel: bei enger Bundestagswal ass villes méiglech, just eng Unioun ënner 30 Prozent? Dat gëtt et net.

Elo ass et geschitt, fir d'éischte Kéier an der däitscher Nokrichszäit. Mam Armin Laschet un der Spëtzt geet et fir CDU an CSU net mol méi fir e Véierel vun den däitsche Wielerstëmmen duer.

Et ass en Desaster. Den Armin Laschet ass gescheitert, och wann d'Unioun um Enn e puer Prozentpunkte méi hat wéi an de leschte Sondagen.

Fir Rout-Rout-Gréng ass et net duergaangen

Mee an der Logik vun der Unioun ass dat alles guer net sou dramatesch. Am Konrad-Adenauer-Haus, der Parteizentral vun der CDU zu Berlin, ass et um Sonndegowend am häertste ginn, wéi d'Koalitiounsméiglechkeeten iwwer d'Bildschiermer gelaf sinn. Mee net ieren, wéi d'Méiglechkeet vun enger Jamaika-Koalitioun am Raum stoung. Nee, d'Supportere vun der Unioun hu sech am meeschte gefreet, wéi kloer war, datt Rout-Rout-Gréng, also e Bündnis vun SPD, Gréngen a Lénkspartei, keng Majoritéit wäert kréien.

Dorops war de Walkampf vun der Unioun an de leschte Wochen ausgeriicht. E Lénksbündnis verhënneren, dat huet den Armin Laschet op all Veranstaltung widderholl. A well genau dat gelongen ass, gesäit hien sech lo als legitimme Kandidat fir d'Kanzleramt.

Wie kann FDP an de Gréngen am meeschte bidden?

Et ass eng bemierkenswäert Logik. Mee et ass eng, déi kéint opgoen. Dat läit et manner un der Unioun wéi un deenen, op déi et elo ukënnt. Zwar huet d'SPD déi meescht an d'Unioun déi zweetmeeschte Stëmme gesammelt, et sinn awer d'Parteien hannendrun, déi et elo gëllt ze iwwerzeegen.

Déi nächst däitsch Regierung, wa se net soll eng weider Grouss Koalitioun ginn, kënnt net un de Gréngen a net un der liberaler FDP laanscht. Giel a Gréng decidéiert um Enn, ob se mat Rout oder mat Schwaarz déi nächst Regierung wëlle stellen. Oder anescht ausgedréckt: Wien FDP a Gréngen am meeschte bitt, stellt de nächste Bundeskanzler.

Fir den Armin Laschet geet et ëm alles

Am groussen Debat um Walowend, der Elefanteronn vun de Spëtzekandidat:innen, war dat scho jiddwerengem bewosst. An dem Olaf Scholz stoung d'Angscht an d'Gesiicht geschriwwen. Wéi wann e géif wëssen, datt den Armin Laschet an d'Unioun alles - awer wierklech alles - kéint drusetzen, fir datt déi nächst Regierung eng Jamaika-Koalitioun aus Schwaarz, Gréng a Giel, a net en Ampel-Bündnis aus Rout, Gréng a Giel wäert ginn.

Fir den Armin Laschet steet alles um Spill. Stellt hien net de Bundeskanzler, geet seng Unioun an d'Oppositioun. Da bleift him nach de Poste vum Fraktiounschef, mee gutt méiglech, datt och déi eege Partei en historesche Walverléierer vum Haff jot. Et geet fir den Armin Laschet also ëm net manner wéi seng politesch Karriär - Bundeskanzler or Bust.

Net onwarscheinlech also, datt Laschet an Unioun de méigleche Koalitiounspartner all Méigleches verspriechen - Haaptsaach un der Muecht bleiwen. An de Walowend huet gewisen: FDP a Gréng si sech hirer Positioun bewosst. Si wäerten net zécken, ze fuerderen, wat geet.

Als grousse Verléierer an d'Kanzleramt? Och dat wier historesch.