Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Als Mediateur tëschent Russland an der Ukrain

Ukrain-Kris

Als Mediateur tëschent Russland an der Ukrain

Bei senger Visitt zu Moskau mam russesche President Wladimir Putin gouf et fir den Emmanuel Macron kee groussen diplomateschen Duerchbroch. De franséische President reest elo direkt vu Russland op Kiew - mam Versprieche vum Wladimir Putin, datt weider Gespréicher mam Weste méiglech sinn.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Bal sechs Stonnen hu si zu Moskau matenee geschwat, an hunn dono bei der Pressekonferenz am Kreml gréisstendeels laanschtenee geschwat.

De franséische President gesäit sech als eng Zort Mediateur tëschent Russland an der Ukrain. Dësen Dënschdeg wäert hien dem ukrainesche President Volodymyr Zelensky nach eng Kéier erkläre mussen, wat dem Wladimir Putin seng Positioun ass. Déi huet hien den Dag virdrun zu Moskau nach eng Kéier kloer presentéiert.

Fir hie wieren NATO-Truppen a Waffen an Osteuropa, op der Grenz mat Russland, eng Gefor fir déi russesch Sécherheet. An d'Ukrain dierft absolut net an d'NATO opgeholl ginn, seet de Wladimir Putin.

Datt d'Ukrain Member gëtt vun der NATO ass op d'mannst an deenen nächste Joren an esouguer Joerzéngten onwarscheinlech, bal onméiglech - mee Russland wëllt Garantien, déi d'USA an d'NATO rejetéieren.

D'Gespréicher lafe weider virun

An deem Kontext kënnt de Macron zu Kiew un: Als e Mann, dee seet, hie géif déi russesch Demande fir méi Sécherheet verstoen. Dat seet soss kee Memberland vun der NATO. Zu Moskau seet de franséische President:

"Nous devons continuer à avancer à nous réengager. C'est essentiel pour la paix et la stabilité en Europe, car ce conflit est au cœur des tensions que nous vivons aujourd'hui, et il est nécessaire de parvenir à un règlement qui permettrait que la Russie et l'Union Européenne puissent réengager fortement leur relation."

Et gouf en Accord fir weider mateneen ze schwätzen. D'Sortie aus der Kris ass eng ganz schwéier. E Mediateur gëtt et ausser dem Macron soss nach keen tëschent der Ukrain a Russland.

Den tierkesche President huet ugebueden, de Volodymyr Zelensky a Wladimir Putin bei sech ze invitéieren, mee esou een Dialog ass am Moment net realistesch. Russland seet weider, si wéilte kee weidere Krich, an d'USA soen, datt eng Invasioun vun der Ukrain vun engem Dag op dee nächste vu Moskau gestart kéint ginn.