Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Als Benevole un der Grenz zur Ukrain

Ukrain-Krich

Als Benevole un der Grenz zur Ukrain

Fir datt d'Mënschen, déi virum Krich an der Ukrain flüchten en Iwwerdaach fannen a genuch ze iessen hunn, sinn a ganz Europa vill Benevoller am Asaz. Ee vun hinnen ass de Matthieu Hansen. Hien ass eigentlech Student fir International Bezéiungen an Nohalteg Entwécklung zu Wien. Déi lescht Wochen huet de Lëtzebuerger awer fir d'ONG warhelp.eu gehollef, Flüchtlingen vun der ukrainescher Grenz op Wien ze bréngen.

auto_stories

3 min

Schonn an de leschte Joren huet de Matthieu Hansen nieft senge Studien als Benevol a Griicheland an a Bosnien geschafft. Fir hie war et dofir kloer, datt hien och de Leit an der Ukrain wéilt hëllefen. Hie wollt Ufanks op eegen Initiativ eng Camionnette oder groussen Auto fanne fir un d'Grenz fueren. Hien huet du versicht, iwwer Telegram-Chats ze sichen, wat eigentlech grad gebraucht gëtt an ass op déi nei gegrënnten ONG warhelp.eu gestouss.

Vill Ukrainer wollten no bei der Grenz bleiwen

Nom éischte Kontakt huet et direkt geheescht 'Muer Moien um 9 Auer start e Konvoi, wëlls de fueren'. De Matthieu Hansen sot dorop 'jo gären'. Et gouf allerdéngs ee Problem. De Matthieu hat den Dag drop nach en Examen ze schreiwen:

"Dunn hunn ech den Exame schnell geschriwwen. Déi lescht Fro net beäntwert well ech schnell dohinner misst goen, d'Camionnette siche goen."

De Matthieu ass mat der éisträichescher ONG un d'Grenz zur Ukrain gefuer fir do Leit mat Kleeder, Iessen a Medikamenter ze versuergen an dono erëm Flüchtlinge mat op Wien ze huelen. Et wier awer guer net sou einfach gewiescht, Leit ze fannen déi wollte matfueren, erzielt de Matthieu:

"Vill Ukrainer hu mir gesot, si wéilten net wäit vun der Grenz fort, well si sech eben un dem Punkt nach erhofft hunn, datt et an zwee Wochen eriwwer wier an se da rëm kéinten zeréck goen."

Donieft wiere vill Leit skeptesch gewiescht, well hie keng Sue fir den Trajet gefrot huet. De Matthieu huet sech um Enn awer mat sechs Studenten aus dem Kamerun an Nigeria op de Wee an Éisträich gemaach, wou hinnen allerdéngs d'Arees trotz gültege Pabeiere refuséiert gouf. Well hien d'Leit awer net matten an der Nuecht an der Keelt wollt stoe loossen huet de Matthieu sech eng Alternativ iwwerluecht: mam Zuch iwwer d'Grenz:

"Vläicht hu mer Chance a mir kënnen den Zuch huelen a ginn net kontrolléiert. An dat war dann och am Endeffekt d'Léisung zum Problem a wat mer gemaach hunn an dat huet dann och geklappt. Mee dat war natierlech immens Chance."

D'Aarbecht mat de Flüchtlingen zu Wien

Mëttlerweil wier d'Arees fir Net-Ukrainer déi awer en Openthaltstitel an der Ukrain hunn awer net méi sou komplizéiert, sou de Matthieu. An de leschte Wochen huet hie véier Mol den Aller-Retour op d'ukrainesch Grenz gemaach. Well d' Flüchtlingen awer just nach mat grousse Busser un de Grenzen ofgeholl ginn an hien och u senger Masteraarbecht muss schaffen hëlleft hien elo zu Wien. Do ass de Matthieu Deel vun enger Ekipp, déi probéiert de Leit Schlofplazen ze fannen, an dat am beschte Fall fir méi wéi just e puer Nuechten.

D'Aarbecht géif him Freed maachen, mee se wier zäitweis souwuel kierperlech wéi mental extrem ustrengend, erzielt de Matthieu weider.

"Zemools déi eeler Leit an déi kleng Kanner, wou ee sech seet déi gehéieren an eng Schoul oder einfach roueg op hire Stull an de Gaart, mee net hei matten an der Nuecht iergendwou op enger Grenz bei Minustemperaturen. Et ass deelweis scho belaaschtend."

Déi nächst Woche wëll de Matthieu wéinst senge Studie bësse méi lues ugoen. Ganz mat hëllefen ophalen ass fir hien awer keng Optioun.