Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Alles an der Rei"

Impfcampagne

"Alles an der Rei"

Vun de véier grousse Spidolsgruppen hunn der zwee eegenen Aussoen no keng Irregularitéiten op hiren Impflëschte fonnt. De Stater CHL an den Escher CHEM soten eis, bei hinne wiere keng Problemer entdeckt ginn. De Gesondheetsministère hat d'Spideeler opgeruff hir Impflëschten z'iwwerpréiwen.

auto_stories

2 min

De President vum Escher CHEM, de Georges Mischo. Foto: Archiv

De Generaldirekter vum CHL, Romain Nati, präziséiert, et wiere weder pensionéiert Dokteren nach Familljemembere vum Personal geimpft ginn.

De President vum CHEM, Georges Mischo, wëll mam Verweis op de Secret Medical keng esou präzis Angabe maachen. Bei der interner Iwwerpréiwung wier näischt "Opfälleges" eraus komm, "sou datt mir dovunner ausginn, datt alles an der Rei ass."


Lauschtert den Interview mam Georges Mischoplay_arrow


"Vertrauen an d'Direktioun"

Am Escher CHEM wësse mir vun engem pensionéierten Dokter, deen dräi Deeg nom Ufank vun der Impfcampagne schonn un d'Rei komm ass, obwuel en net méi fir d'Spidol schafft, mee deen awer nach divers Aufgaben am Gesondheetswiesen huet.

Zur Fro, ob och pensionéiert Dokteren am CHEM geimpft goufen, seet de Georges Mischo: "Duerch de Secret Medical kann ech dat net beuerteelen, firwat dat sollt geschitt sinn oder net geschitt ass." Et wier awer keng Consigne eraus gaangen, fir pensionéiert Dokteren ze impfen: "An ech hu vollst Vertrauen a meng Direktioun, datt do keng Saache gelaf sinn, déi net hätte sollte lafen."

Verwaltungsrot krut Präzisiounen

De CHEM hätt Enn Januar eng Präzisioun vum Gesondheetsministère kritt, datt eng Impfung vu Verwaltungsrotsmemberen net erwënscht wier, seet de Georges Mischo. Dëst nodeems d'Theema an enger Sëtzung vum Verwaltungsrot opkomm war. Hie wier net geimpft, a méi kéint hien dozou net soen:

"Dat ënnerläit dem Secret Medical an ech ka keng Ausso zu iergendengem maachen, ob e geimpft ass oder net geimpft ass. Eis Direktioun huet d'Lëschten nach emol duerchgeholl an et ass näischt Opfälleges dobäi eraus komm."

De Serge Meyer, ee vun den zwee medezineschen Direktere vum CHEM, huet sech op Nofro hin den Aussoe vum Spidoolspräsident ugeschloss.

HRS an CHdN

Ëm d'Hôpitaux Robert Schuman gouf et eng Polemik wéinst der Impfung vun dräi Membere vum Verwaltungsrot. Donieft leeft eng intern Enquête wéinst dem Verdacht op zwee irregulär Fäll.

De Centre Hospitalier du Nord huet um Méinden beim Parquet eng Plainte géint Onbekannt annoncéiert wéinst Irregularitéite an der Impfcampagne.