arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LCGB: All Sozialpartner misst seng Responsabilitéit iwwerhuelen

Kris am Stolsecteur

|
reading time

1 min

LCGB: All Sozialpartner misst seng Responsabilitéit iwwerhuelen

Et ass ee schwaarzen Dag fir de Lëtzebuerger Stolsecteur, reagéiert de Wirtschaftsminister no der Annonce vum Stolkonzern Arcelor Mittal iwwer den Ofbau vu 570 Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg. Een Drëttel vun deene Suppressioune sinn an der Verwaltung geplangt, de Rescht an den ënnerschiddleche Lëtzebuerger industrielle Sitten. De Gewerkschaften huet d'Direktioun vum Konzern preziséiert, datt eng 270 Posten iwwer d'Preretraite ajustement kéinten ofgebaut ginn.

reading time

1 min


play_arrow De Bäitrag vum Carole Schimmer lauschteren


D'Regierung grad wéi d'Gewerkschafte sinn iwwer d'Aart a Weis, wéi de Konzern déi Restrukturéierung annoncéiert huet, iwwerrascht gewiescht.

De Stolkonzern wier wéinst der Coronavirus-Pandemie mat engem Abroch vun de Ventë konfrontéiert. Déi hätt Tensiounen, déi um Stolmaart bestinn, verstäerkt, erkläert Arcelor Mittal. Souwuel d'Regierung wéi och d'Gewerkschaften hunn zanter Laangem eng Stoltripartite gefuerdert, esou de Robert Fornieri vum LCGB. De Gewerkschaftler schwätzt vun enger Tripartite an där all Acteur seng Responsabilitéite misst iwwerhuelen a Kënnegunge misste verhënnert ginn.

Mee d'Direktioun hätt ënner anerem och vun engem Sozialplang geschwat. Vun de 570 Aarbechtsplazen, déi elo solle verschwannen, kéinten der 270 iwwer d'Preretraite ofgebaut ginn, esou de Robert Fornieri. D'Cellule de reclassement wier eng weider Méiglechkeet.

Den Aarbechtsminister sengersäits wëllt och, datt déi zwou Säiten hir Responsabilitéit iwwerhuelen, an d'Regierung.

Nächste Méindeg ass eng Reunioun geplangt vum Comité de Suivi vun där Siderurgie. Eng Reunioun déi scho laang aberuff war, preziséiert den Dan Kersch.