Net nëmme Politik a Gesellschaft, och all eenzele Bierger kann eng Roll beim Kampf géint de Klimawandel spillen.
Jiddereen huet nämlech eng ganz Rei Stellschrauwen a senger eegener Hand fir säin Deel dozou bäizedroen, datt d'Äerderwiermung op 1,5 Grad limitéiert ka ginn, seet den Andrew Ferrone. Beispillsweis am Beräich vum Transport. Do hätt ee schliisslech d'Optioun vum gratis ëffentechen Transport, verschidde Leit kéinten och op Télétravail zeréckgräifen.
Och doheem ginn et wierksam Stellschrauwen
Energetesch Renovatioune vun Haiser wieren e weideren Usaz fir d'Emissioun vun Zäregasen ze reduzéieren. Wien eng Wärmepompel huet ass onofhängeg vu fossille Brennstoffer a gläichzäiteg och vun der enormer Präisdeierecht, déi den Ament bei dëse stattfënnt.
Doheem bidde sech awer nach weider Stellschrauwen, sou den Andrew Ferrone:
"Datt ee Saachen net lafe léist, wann ee se net brauch, respektiv vun den Temperaturen an den Haiser probéiert eventuell ëm een, zwee Grad d'Heizungen erof ze setzen."
E reduzéierte Fleeschkonsum reduzéiert Zäregasemissiounen
Nieft erneierbaren Energien an engem spuersamen Ëmgang domat, ass och e Wandel am alldeegleche Liewen noutwenneg. Ënnert anerem bei der Ernierung: Et kéint een zum Beispill säi Fleeschkonsum erofsetzen, dat géif Zäregasemissiounen erofsetzen.
Am drëtten Deel vun sengem Rapport huet de Weltklimarot IPCC festgehalen, datt fir d'Äerderwiermung op 1,5 Grad ze limitéieren, d'Emissioune vun Zäregase schonns bis 2030 missten ëm 43 Prozent reduzéiert ginn.