Hie seet et wier mëttlerweil schwéier sachlech iwwer d'Verfassung ze diskutéieren. "An am Endeffekt fäerten ech, datt sech vill Leit depasséiert fillen vun deene rengen juristeschen Diskussiounen. An datt et herno nach just eng Glawensfro ass: Wiem gleewen ech méi? Dem engen oder dem aneren?"
Den Alex Bodry wäert op senger Gemeng och keng Ënnerschrëft fir e Verfassungsreferendum ofginn. Hien wier der Meenung, datt de parlamentaresche Wee dee beschte wier fir d'Verfassungsreform ëmzesetzen, esou den Alex Bodry. D'Regierungsparteien hate virun de leschte Walen nach e Verfassungsreferendum an Aussiicht gestallt. Datt si déi Positioun geännert hunn, hätt och mat der Angscht ze dinn, datt déi nei Verfassung kéint ofgeleent ginn, seet de fréieren LSAP-Deputéierten, deen haut am Staatsrot setzt.
D'Diskussiounen an de leschte Woche géifen hien och dora bestätegen, datt et wichteg wier eng sachlech Diskussioun ze behalen an datt net eenzel Detailpunkten "héichgepusht" ginn an de Bléck fir dat grousst Ganzt da vergiess gëtt.