Radioen

On air

Notturno  |  Here We Go Magic - How Do I Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alex Bodry: blo-rout-gréng an Zukunft net auszeschléissen

LSAP

Alex Bodry: blo-rout-gréng an Zukunft net auszeschléissen

Hie kéint sech eng Zukunft vu Blo-rout-gréng virstellen, wann d'Wieler et géifen erméiglechen, seet den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry. radio 100,7-Informatiounen no géif d'LSAP véier vun hiren aktuell 13 Sëtz verléieren, dovun zwee Sëtz am Süden. Domat kéim d'LSAP insgesamt op just nach néng Sëtz. D'Sozialistesch Partei wier da just nach déi drëttstäerkst Partei am Land.

auto_stories

2 min

Alex Bodry

Am Lëtzebuerger Wahlsystem kéint en Ënnerscheed vun e puer Zéngtelprozent, e Sëtzgewënn oder e Sëtzverloscht ausmaachen, seet den Alex Bodry. Dobäi kéim d'Feelerquot vun deene Sondagen. Dofir misst een eigentlech soen, datt no de leschte Resultater vun de Sondagen, d'LSAP wahrscheinlech tëscht néng an 12 Sëtz kritt hätt. Dat géif sech aus der Forschett vun der Feelerquot vun deene Sondagen erginn. Esou wär et och bei den anere Parteien. "Et ass also eng ganz grouss Ongewëssheet do".

Doriwwer eraus kéint hie sech an Zukunft eng méi enk Zesummenaarbecht mat deene Grénge virstellen. Dat hat hien an engem Interview mam Onlinemagazin Reporter.lu gesot. Mat sengem Message hätt hien eigentlech wéilte soen, datt d'LSAP nach ëmmer Gemeinsamkeete mat deene Gréngen gehat hätt, och no den Diskussiounen iwwer d'Uplanzung vun Industriebetriber an de leschte Méint. Eng Bewegung, wéi En Marche a Frankräich Richtung Mëtt-riets, wéi si den LSAP-Spëtzekandidat Etienne Schneider an engem Interview envisagéiert hat, kéim fir den Alex Bodry net a Fro.

Géigeniwwer der Stäerkt vun der CSV misste sech déi aner Parteien d'Fro stellen, op et net Zäit wier, fir sech anescht opzestellen, fir ze verhënneren, datt een an eng Situatioun erakënnt, wou ee sech just nach d'Fro géif stellen, wien de Mini-Koalitiounspartner vun enger CSV géif ginn.

"déi gréng ticken ähnlech wéi mir"

Op d'Fro, ob déi gréng d'LSAP a sozialen Dossieren ënnerstëtzt hätten, äntwert den Alex Bodry: "déi gréng ticken ähnlech wéi mir an deenen dote Punkten. Et ass wouer, datt si an Diskussiounen eis Meenung gedeelt hunn, mee net ëmmer onbedéngt offensiv an den internen Debatten intervenéiert sinn." Et hätt een ënnerschiddlech Sensibilitéiten, wat och normal wier, schliisslech géif et sech ëm zwou Parteien handelen.

"Mir wäerte vläicht och ni eng Partei ginn", sou den Alex Bodry.

Ekologie an dat Soziaalt wieren zwee grouss gesellschaftlech Defien. Op der Basis vun dësen zwou Achse kéint een an den nächste Joerzéngten eng Beweegung opbauen.

Keng Koalitiounsausso virun de Wahlen

Et géif een awer kee Lagerwahlkampf maachen. Genee wéi déi aner Parteien géif d'LSAP virun de Wahlen och keng Ausso iwwer Koalitioune maachen. "Mir schloen dës Wahle mat eisen eegenen Iddien", seet den Alex Bodry. Koalitioune wäerte sech no de Wahlen, op Grond vum Kräfteverhältnis an op Grond vu Schnëttmengen tëscht de Programmer bilden. Domat géif hien näischt anescht soen, wéi Politiker vun der DP an deene Gréngen.