D'ALEBA ass eng sektoriell Gewerkschaft, déi just am Finanzsecteur (bei Banken an Assurancen haaptsächlech) aktiv ass. Vun hire grousse Konkurrenten OGBL an LCGB ënnerscheet si sech engersäits duerch hier politesch Neutralitéit, anerersäits och duerch de Fait, datt hier Gewerkschafts-Fonctionnaire keng Apparatchike sinn, mee ëmmer nach am Secteur schaffen. Dëse Modell wier wichteg fir d'Sensibilitéiten um Terrain am Bléck behalen ze kënnen a fir en enke Kontakt mat de Salariéë vum Terrain behalen ze kënnen.
Déi national Representativitéit behalen
Bei de Wahle fir d'Chambre des Salariés hofft d'ALEBA par rapport zu 2013 zouzeleeën. Deemools hat d'Gewerkschaft aus dem Banken- an Assurancësecteur an hirem Grupp eppes méi wéi 50 Prozent vun de Stëmme kritt, an domat véier vun den aacht Sëtz, déi do ze verdeele sinn. Wann d'ALEBA dës Kéier manner wéi 50 Prozent kréich, da géif se déi sektoriell Representativitéit verléieren, also d'Recht, Kollektivverträg ze ënnerschreiwen. Dat wier "en haarde Coup, awer net d'Ufank vum Enn vun der Gewerkschaft", seet de Generalsekretär Laurent Mertz. Dofir wier et immens wichteg, fir déi sektoriell Majoritéit via d'Chambre des Salariés bäizebehalen. Gëtt dat Zil net erreecht, géif d'Gewerkschaft hir Aarbecht op Delegéierten-Niveau an den Entreprisë weiderfueren.
Eegenen Indikatiounen no huet d'ALEBA 2013 an de Betriber d'Vertraue vu 65 Prozent vun de Wieler ausgeschwat krut. Si gëtt u 700 Delegéierter ze stellen.