De Generalsekretär Laurent Mertz weist sech zefridden, datt een en Debakel, dee sech verschidde Leit gewënscht hätten, evitéiere konnt. D'ALEBA kéint mat deem Resultat hir Positioun a verschidden Entreprisen halen.
Ganz zefridde weist d'ALEBA sech mat de Resultater bei der Société Générale Bank &Trust, bei der State Street Bank, bei ING a bei der KBL, bei där Bank also, an där de Generalsekretär Laurent Mertz Delegatiouns-President ass.
BIL a BGL: Kee gutt Resultat
D'Erwaardunge goufen awer net iwwerall erreecht, esou ënner anerem bei de grousse Banke BIL a BGL. Bei der BIL hätt d'ALEBA bei den Delegatiounswahle vun 2013 nach eng Majoritéit gehat. Dës Kéier hätt ee just véier vun 12 Sëtz bei der Personaldelegatioun kënne gewannen, well vill Leit sech net méi op der Lëscht vun der ALEBA opgestallt haten, mee als neutral Kandidaten, bedauert de Laurent Mertz.
Den ALEBA-Generalsekretär ass net der Meenung, datt d'Diskussioune ronderëm de fréiere Gewerkschafts-President Roberto Scolati der Gewerkschaft generell geschuet hätten. De Laurent Mertz geet dovun aus, datt nach virum Summer en neie President bei der Gewerkschaft vun de Beschäftegte vun de Banken an Assurancë ka gewielt ginn.
De Laurent Mertz iwwer d'Delegatiounswahlen