Zënter iwwert engem Joer gëtt deen neie Kollektivvertrag am Banken- an Assurancësecteur verhandelt. De Laurent Mertz reprochéiert der Patientevereenegung ABBL, d'Verhandlungen ze bloquéieren. D'Banken- an d'Bankenassociatioun géifen de Prinzip vum Merite aféieren op Käschte vu lineairen Augmentatiounen an Anciennetéitsreegelen.
Sektoriell Representativitéit
D'Aleba hätt déi meeschten Expertise am Finanzsecteur, seet de Laurent Mertz. Dofir wär et wichteg, datt d'Gewerkschaft no de Sozialwahlen an engem Joer hir Representativitéit behält. D'Gewerkschaft hätt 10.000 Memberen an 700 Delegéierten um Terrain. Hautdesdaags wär et méi schwéier, fir Memberen an Delegéierten ze fanne wéi an der Vergaangenheet. D'Aarbecht géing ëmmer méi zouhuelen, an d'Aarbecht vum Personaldelegéierte géing méi schwiereg ginn. Dem Aleba-Generalsekretär no géingen déi meeschte Patronen ëmmer manner gudde Wëlle weisen. D'Digitaliséierung wär eng grouss Erausfuerderung fir de Secteur.