Europawahlen 2019 Aktiv géint Populismus virgoen

De Spëtzekandidat vun den europäesche Sozialdemokrate seet, traditionell Parteie misste sech nach méi däitlech vun Nationalisten a Populisten distanzéieren. Hien ënnersträicht, datt europhob Parteien dovu géife profitéieren, wann aner Parteie probéiere si nozemaachen.

Rick Mertens / cz

Frans Timmermans
Frans Timmermans

Hien ass der Meenung, datt d'Majoritéit vun der Populatioun an de Memberstaate zesumme schaffe wëll. Déi nationalistesch Minoritéit wéilt den Androck vermëttelen, datt se d'Majoritéit géif duerstellen. Et misst een d'Leit sou gutt et geet géint esou Tendenze mobiliséieren, well se géifen näischt bréngen, sou de Frans Timmermans.

Vetorecht bei Steierfroen ofschafen

De Frans Timmermans wëllt d'EU-Länner dovun iwwerzeegen op hiert Vetorecht a Steierfroen ze verzichten: "Dat gëtt nach vill Aarbecht, mee ech mengen, mir packen dat," esou de Spëtzekandidat vun den europäesche Sozialdemokraten. Lëtzebuerg gehéiert bis elo zu deene Länner, déi sech op hiert Vetorecht behaapten. De Frans Timmermans mengt awer, dat wier am Gaange sech ze änneren.

Och säin Heemechtsland Holland hätt an der Vergaangenheet Steierkonkurrenz als eppes Positives duergestallt. Haut wier et awer sou, datt verschidden Entreprisen esou grouss wieren, datt ee Memberstaat eleng se net méi kontrolléiere kéint. D'Bierger géifen dofir en héije Präis bezuelen. De sozialdemokratesche Spëtzekandidat weist sech awer optimistesch: Wa progressiv Parteie bei den Europawahle gestäerkt ginn, da missten och d'Memberstaaten alenken, esou de Frans Timmermans.

Solidaritéit mat osteuropäesche Länner zereckschrauwen

De Frans Timmermans wëllt zentral- an osteuropäesch EU-Länner iwwerzeege fir méi Flüchtlingen opzehuelen. Dat wier déi eenzeg Manéier fir ze verhënneren, datt et geschwënn zu finanzielle Konsequenze fir dës Länner kënnt, esou de Spëtzekandidat vun den europäesche Sozialdemokraten. Et misst een de populistesche Partien an Zentral- an Osteuropa erklären, datt dat wat si futti maachen och fir sech selwer e grousse Schued géif mat sech bréngen. Wa Solidaritéit Joer fir Joer géif verweigert ginn, da wäert iergendwann och keng Solidaritéit méi vun der anerer Säit kommen, esou de Sozialdemokrat.

De Frans Timmermans mengt, dës Grenz wier geschwënn erreecht, dat géifen zum Beispill rezent Aussoe vum franséische President Emmanuel Macron weisen.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Maastricht Debate
Europawahlen 2019

Als Optakt vun der waarmer Phas vum Europawahlkampf gouf d'Debatt annoncéiert, déi d'Universitéit vu Maastricht co-organiséiert huet. Verschidde Positioune waren an der Debatt awer net vertrueden.

Europa
Bilan vun der europäescher Aussepolitik

Déi multilateral Welt, an déi sech d'Aussepolitik vun der Europäescher Unioun abett, huet an de vergaangene fënnef Joer fundamental geännert. E Bilan mat zwee Politikwëssenschaftler.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen