Corona-Kris "Akafe goen ass keen Ausfluch"
"Akafe goen ass keen Ausfluch". Esou hat de Premier Xavier Bettel de Leit d'lescht Woch nach eemol an d'Gewëssen geriet. Mee bei deem schéine Wieder sinn ëmmer méi Leit um Maart an der Stad ënnerwee, déi soss net dohi ginn, fir e wéineg Ofwiesslung ze hunn. Dat féiert nawell zu Schlaange virun de Verkafsstänn. D'Stad Lëtzebuerg mengt awer, de Sécherheetsofstand kéint agehale ginn.