D'Bauerenzentral schwätzt vun engem Schrëtt an déi richteg Richtung, dem Landwirtschaftsminister säin Optimismus deelt souwuel am Agrar-, wéi och am Ëmweltberäich nach laang net jiddwereen. Mat déi kriteschst Vue huet de Raymond Aendekerk vu "Meng Landwirtschaft". Eigentlech hätt d'EU-Kommissioun jo een a Saachen Ëmweltfroe ganz ambitiéise Projet wëlle virleeën, mee dee wier um Enn alt nees eng Kéier verwässert ginn.
Et wier an de leschte Jore scho verpasst ginn, an dem Beräich konkret Resultater ze erreechen, seet de Raymon Aendekrerk. Vill vun den Ökoprogrammer wiere fräiwëlleg, an obschonns Milliarden Euro investéiert gi sinn, d'Biodiversitéit nach ëmmer biergof géif goen.
De Raymond Aendekerk verweist op déi ronn 100 Milliounen Euro d'Joer, déi der Lëtzebuerger Landwirtschaft zegutt kommen. Wann een dat duerch déi ronn 2.000 Betriber deelt, kéim eng zolidd Som eraus: hei kéint ee senger Meenung no och "zolidd" Konditiounen an Ëmweltoplagen dru knäppen.
Flächeprimm: eng Sakgaass?
An der Kritik bleift virun allem och déi sougenannte Flächeprimm, déi de Bauer akasséiert, ouni eng Leeschtung ze erbréngen. Dëse sougenannten éischte Pilier u Subventioune soll an Zukunft zu 25 Prozent un Ëmweltoplage gebonne ginn, d'Europaparlament hat souguer 30 Prozent verlaangt.
Souguer de President vun de Jongbauere Luc Emering mengt, dat wier eng Sakgaass. Hien hätt sech erhofft, datt se ofgeschaaft gi wier. Et hätt ee gehofft, datt ee mëttelfristeg ophält, dës Flächeprimm un d'Betriber auszebezuelen, an éischter op de Wee geet fir eng eenheetlech Betribsprimm auszebezuelen, onofhängeg vun de Gréisst vun de Betriber. "Dat wier éischtens eng grouss Stäerkung fir déi mëttelstänneg a Familljebetriber. Dat heescht, d'Haaptzil géif net méi um Wuesstum leien, mee éischter op der Diversifikatioun."
Ureizer fir d'Bauere schafen
Diversifizéieren, souwéi nohalteg a lokal Produktioun, missten dogéint méi ënnerstëtzt ginn. Amplaz datt extensiv Landwirtschaft kompenséiert gëtt, well een doduercher manner géif produzéieren, misst se eigentlech belount a priméiert ginn, mengt de Luc Emering. Et géif méi Friichten droen, wann een d'Leeschtung géif honoréieren.
"Dat heescht, mir mussen Ureizer schafen, datt wann de Bauer eppes fir d'Biodiversitéit, eppes géint d'Erosioun, eppes fir d'Loftqualitéit mécht, datt och déi Gesamtleeschtung, déi d'Gesellschaft dovunner huet, déi d'Natur dovunner huet, déi nächst Generatioun dovunner huet, datt déi korrekt honoréiert gëtt."
De Luc Emering mengt, datt déi jonk Baueren nees misste Freed hunn un deem, wat se produzéieren, ouni sech komplett vun engem Primmesystem mussen ofhängeg ze maachen.
Bauerenallianz wëllt Dialog mam Minister
Och fir de Camille Schroeder vun der Bauerenallianz ass d'Flächeprimm mëttelfristeg keng Léisung. Dat géif sech nämlech automatesch um Pachtpräis erëmspigelen: "Wat déi Primm méi héich ass, wat och déi Pacht méi héich gëtt". Kritesch gesäit de Camille Schroeder och den zousätzleche bürokrateschen Opwand deen op d'Baueren duer kënnt.
Et wéilt en awer net alles verdäiwelen, wat elo decidéiert gouf. Wichteg wier elo, datt de Landwirtschaftsminister am Dialog mat de Baueren e Strategieplang ausschafft, deen déi national Jalone soll setzen. Iwwer dee Plang gëtt am Moment diskutéiert, e muss bis Enn des Joers op Bréissel geschéckt ginn.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.