An der Europäescher Unioun fillen sech den Ament eng Partie vun de Ministeren, déi fir d'Landwirtschaft zoustänneg sinn, a verschiddenen Dossieren iwwergaangen. Obwuel d'Baueren dacks direkt betraff sinn, géifen iwwert de Kapp vun den Agrarministeren ewech Decisioune geholl ginn, heescht et an engem Bréif, dee Ministeren aus 16 EU-Länner ënnerschriwwen hunn.
Agrarministere wëlle matschwätzen
Den Éisträicheschen Agrarminister Norbert Totschnig ass den Auteur vun deem Schreiwes, iwwert deen des Woch d'Agrarministeren zu Bréissel diskutéiert hunn.
"Wenn auf EU-Ebene Entscheidungen getroffen werden, die unmittelbare Auswirkungen auf die Landwirtschaft haben, dann muss die Landwirtschaft auch am Verhandlungstisch sitzen."
Am Bréif gëtt eng Revisioun vun de Gesetzeskompetenzen op EU-Niveau gefuerdert - mam Argument, et géifen ëmmer méi Dossieren am Natur- oder Klimaschutz, an deenen d'Decisioune geholl ginn, ouni datt d'Agrarministeren mat schwätze kënnen.
Claude Haagen: Méi Dossieren am Agrar-Conseil traitéieren
Beklot gëtt dernieft, datt déi Mesuren dacks mat sech bréngen, datt op den Agrarflächen manner ugebaut gëtt, wat dofir suerge kéint, datt op bemol net méi genuch Liewensmëttelen zur Verfügung stinn.
Nieft 15 aneren Landwirtschaftsministeren huet och de Lëtzebuerger Claude Haagen ënnerschriwwen. Him géing et drëm, fir verschidden Dossieren an den Agrar-Conseil ze kréien, sou de Minister op eis Nofro. Hien huet d'Beispill vun der Direktive iwwert industriell Emissiounen genannt, dat ënnert d'Kompetenz vun den Ëmweltministeren fält, bei deem awer d'Baueren awer vun de Mesuren betraff wieren.
Joëlle Welfring: "De Claude Haagen huet seng Meenung, ech hunn eng aner"
"Ech war net am Virfeld iwwert déi doten Aktioun informéiert", seet dozou seng Regierungskolleegin Joëlle Welfring. Et wier dem Claude Haagen säi Recht, sech dofir anzesetzen. Averstanen ass d'Ëmweltministerin awer net.
"Ech sinn der Meenung, datt et sech hei em wichteg Ëmwelt-Dossieren handelt an datt et wichteg ass, datt déi am Ëmweltberäich bleiwen. Dat ass ganz evident. Wat awer och wichteg ass, ass datt mir den Dialog féieren. Dat hu mir bis elo gemaach, dat maache mir och an Zukunft esou. Deen Dialog muss a béid Richtunge funktionéieren."
Green Deal gouf net an d'Agrarreform integréiert
Et ass net déi éischte Kéier, datt do an der Lëtzebuerger an an anere Regierungen e klénge Rëss ze spieren ass. Bei der grousser Reform vun der Gemeinsamer Agrarpolitik vun der EU (GAP) virun zwee Joer haten sech d'Landwirtschaftsministere mat Succès dogéint gewiert, datt d'Ziler vum "Green Deal" fir de Klimaschutz an déi Reform integréiert ginn.
D'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg hat dat deemools bedauert. Den deemolegen Agrarminister Romain Schneider awer huet zesumme mat aneren an engem Schreiwes drop gepocht, datt eleng d'Texter vun der GAP an net d'Ziler vum Klimaschutz legal déi sinn, un déi sech d'Ministeren hale mussen. Béid Ministeren hunn dono géintiwwer dem 100,7 betount, d'Regierung stéing hannert dem Green Deal.
Verschidde Vuen an enger Regierung
A senger Regierung géif et dee Konflikt net ginn, sot e Méindeg den däitschen Agrarminister.
"Wir verstehen uns grossartig, die Umweltministerin und ich. Ich biete gerne an, dass wir ein bisschen erzählen, wie wir das in Deutschland machen."
De Gréngen Cem Özdemir kann de Mond hei esou voll huelen, wëll seng Partei souwuel den Ëmweltministère wéi och dee vun der Landwirtschaft huet.
Manner komfortabel ass d'Situatioun vum Norbert Totschnig an Éisträich. Seng konservativ ÖVP setzt zesumme mat deene Gréngen an enger Regierung.
"Ich stimme mich immer sehr intensiv ab mit meiner Kollegin", sou de Minister e Méindeg zu Bréissel. D'Ëmweltministerin Leonore Gewessler awer gëtt an de Salzburger Nachrichten domat zitéiert, datt si hirersäits, wat d'Kompetenzen ugeet, net de Besoin gesäit, eppes ze änneren.
Äntwert vun Ëmweltminister:innen geplangt
Am Numm vun der EU-Presidence huet de schwedeschen Agrarminister Peter Kullgren senge Kolleegen dat heite mat op de Wee ginn.
"Et ass ganz wichteg datt national Regierung ee gudden Dialogen hunn, egal wien dono d'Decisiounen iwwer déi verschidden Dossier hëlt."
Si géif gutt mam Claude Haagen zesummeschaffen, confirméiert och d'Joëlle Welfring. Ënnert den EU-Ëmweltministeren géifen Diskussioune lafen, fir eventuell zesummen op dee Bréif vun den Agrarministeren ze reagéieren.
Deemno géifen sech Memberen aus der nämmlechter Regierung op europäeschem Niveau schrëftlech austauschen. Wat elo net deen direktste Wee ass, fir Politik ze maachen.