Radioen

On air

Notturno  |  John Coltrane - My Favorite Things

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Affekote vun Ugekloten: Gemeng hätt noléisseg geschafft

Detournement vun Hesper

Affekote vun Ugekloten: Gemeng hätt noléisseg geschafft

Um véierten a leschten Prozessdag haut ëm zwee Ex-Gemengebeamte vu Hesper waren et d'Plädoyere vun der Defense.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

Béid Affekote waren zwar averstanen, datt hir Mandante sech de Faite schëlleg gemaach hunn an déi och zouginn hunn. Ma och d'Gemeng Hesper hätt noléisseg geschafft an zum Deel de Bedruch einfach gemaach.

Et hätt laang u Kontrolle gefeelt, dofir misst um Niveau vum Zivil, also den Dedommagementer, e Partage vun der Responsabilitéit virgeholl ginn.

Um drëtte Prozessdag hat de Parquet fir den Haaptugekloten aacht Joer Prisong gefrot, d'Hallschent mat Sursis probatoire. De Beschëllegten huet schonn dräi Joer am Prisong ofgesiess. De fréiere Finanzchef vun der Gemeng Hesper hätt deemno ënner Ëmstänn de Gros vu senger Strof schonn ofgesiess.

Zweete Beschëllegten: Sursis gefrot

Den Affekot vum zweete Beschëllegten huet sengersäits op déi méi kleng Roll vu sengem Mandant higewisen, et wier den Haaptbeschëllegten, deen hie mat an déi Handlungen eragezunn hätt.

Hien huet dann och eng Sursisstrof fir säi Mandant gefrot, well dee komplett gestänneg war a seng Schold wéilt ofbezuelen. De Parquet hat eng Prisongsstrof vu fënnef Joer a sechs Méint gefrot, d'Hallschent dovunner och mat Sursis probatoire. Ronn eng Millioun Euro sollen op de Konto vum fréiere Chef vum Service technique gefloss sinn.

Zweete Beschëllegte bereit seng Dot

Nodeems den Haaptbeschëllegten sech en Donneschden nëmme wéineg asiichteg gewisen hat, waren et ganz aner Téin vun dësem zweete Beschëllegten:

Hie wier an eng Maschinerie geroden, vun där hie gewosst hätt, datt se net richteg war, mee hien hätt net méi kënnen ophalen. Hien wéilt den entstanene Schued nees gutt maachen a géif seng Dote bereien.

En hätt och mëttlerweil eng nei Platz an hie wéilt en anstännegt Liewe féieren. De fréiere Gemengebeamten huet och betount, datt et him am Prisong am Géigesaz zum Haaptbeschëllegten alles anescht wéi gefall hätt.

Parquet: "Grav Faiten"

Déi zwee Ex-Beamte sollen déi Hesper Gemeng wärend 20 Joer zesummen ëm iwwer 5,2 Milliounen Euro geschiedegt hunn, dat iwwer fiktiv Rechnungen a fiktiv Gesellschaften.

Faux, escroquerie, Blanchiment an zum Deel och Korruptioun ginn den zwee Ex-Beamte virgehäit. Et wiere grav Faiten, déi op eng kriminell Energie géifen hindeiten, ëmsou méi, wou et sech ëm vereedegt Beamte géif handelen, sou de Procureur.

Hie géif och d'Konditiounen erfëllt gesinn, datt et sech hei ëm eng Association de malfaiteurs handelt. Dofir missten och exemplaresch fest Prisongsstrofe gesprach ginn.

Entrepreneur: Suspensioun vum prononcé gefrot

Fir den drëtte Beschëllegten, en Entrepreneur, deen eng falsch Rechnung un d'Gemeng ausgestallt huet, huet säin Affekot d'Suspensioun vum prononcé gefrot, dat heescht dat eng Strof gesprach, awer net exekutéiert gëtt.

De Parquet sengersäits hat 18 Méint Prisong mat integralem Sursis gefrot. De Mann, deen och Commandë vun der Hesper Gemeng krut, hat zouginn, der Gemeng 15.000 Euro a Rechnung gestallt ze hunn fir Servicer di fir de Chef de Service technique geleescht goufen.

Dee wier op hien duer komm an hätt den Deal virgeschloen, well e seng Rechnungen net méi hätt kënne bezuelen, sou de Entrepreneur. Och wa keen Drock op hie gemaach gi wier, hätt hien Angscht gehat d'Commande vu der Gemeng ze verléieren an dem Mann dofir de Gefale gemaach.

Souwuel de Staat wéi och d'Gemeng Hesper sinn als Partie civil opgetrueden an hunn Dedommagementer gefrot. De Ruff vun der Gemeng Hesper wier duerch déi ganz Affär an e schlecht Liicht gezu gi, sou de Affekot vun der Gemeng.