Radioen

On air

Notturno  |  Mudaze - Altaelv

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Affär Traversini: Wourëms geet et?

Gaardenhäisschen

Affär Traversini: Wourëms geet et?

De Roberto Traversini hat de Mëttwoch am Gemengerot gesot, datt dem Reglement no keng Autorisatioun néideg gewiescht wier, fir déi Aarbechten déi hien um Haus maache gelooss hat, well et an der Klenggäertnerzon steet an net an der Zone verte. De Mike Wagner, éischte Regierungsrot am Environnement sot eis awer nom Sënn vum Naturschutzgesetz wier dëst Enges, an dofir wier och fir liicht Aarbechten un esou engem Haus, déi d'Apparence net änneren, eng Autorisatioun vum Minister noutwendeg.

auto_stories

2 min


Erklärunge vum Michèle Sinnerplay_arrow


De Roberto Traversini huet en Haus geierft, dat zu Déifferdeng an der Klenggärtnerzon steet. Nieft deem Haus steet och nach e Gaardenhaus an enger Natura Schutzzone. Um Haus an um Gaardenhaische huet de Roberto Traversini verschidden Aarbechten ausféieren gelooss. Fir d'Aarbechten an enger Natura Schutzzon brauch een eng Geneemegung vum Environnement. Déi hat hien eréischt ugefrot, wéi d'Aarbechten ugefaangen haten.

Dee Feeler huet de Roberto Traversini zouginn - hie wousst net, wou d'Schutzzon géif ufänken. Hien huet am Gemengerot, op Drock vun der Oppositioun hin och zouginn, dass en Gemengeservicer ugestallt hat, Pläng vum Haus opzezeechnen. An dass d'Gelänner um Haus vum CIGL gefléckt gouf, ouni Rechnung. Ee Virworf, deen hien de Mëttwoch mat Verweis op Gemengereglement awer vun sech gewisen huet, ass dass och fir Renovatiounsaarbechten um Haus selwer eng Autorisatioun néideg gewiescht wier

"Wann en Haus an enger Gardenzon ass, schreift eist Reglement fir, dat ee net brauch, wann ee Fënsteren ersetzt oder wann ee bannendran schafft eng Autorisatioun."

Mee wéi de Mike Wagner, éischte Regierungsrot vum Environnement erkläert, spillt awer och do d'Naturschutzgesetz eran.

"Déi Klenggäertnerzon gehéiert zu der Zone Verte am Sënn vum Naturschutzgesetz an am Gesetz steet dran am Artikel 7 am Paragraph 2, dat all Renovatioun oder materiell Transformatioun vun engem bestoende Gebai nëmme méiglech ass mat enger Autorisatioun vum Minister. An zu enger Renovatioun gehéieren halt liicht Aarbechten fir en Haus erëm an e gudde Zoustand ze bréngen."

An dofir seet de Mike Wagner, misst een Zitat reng formell eng Autorisatioun ufroen, och wann een seng Fënsteren ersetzt.