Radioen

On air

De Moien  |  Pearl Charles - Imposter

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Affär Traversini: Parquet mécht Enquête op

Immobiliëskandal

Affär Traversini: Parquet mécht Enquête op

De Parquet enquêtéiert géint de Roberto Traversini a géint Onbekannt, ënner anerem wéinst "Detournement de deniers publics".

auto_stories

3 min


De Bäitrag vum Michèle Sinnerplay_arrow


Den Hannergrond dovun ass, datt de Roberto Traversini de Chef vum Service technique vun der Gemeng gefrot hat, seng Immobilien opzemoossen an opzezeechnen. Déi Aarbecht ass vun engem Stagiaire an deem Service gemaach ginn. Zweetens gëtt wéinst "prise illegale d'intérêts" enquêtéiert. Dobäi geet et wuel och ëm déi Aarbechten, déi déi lokal Beschäftegungsinitiativ CIGL fir de Privatmann Roberto Traversini gemaach huet, an déi net facturéiert goufen. D'Police huet de Freideg de Mëtteg Perquisitiounen op der Déifferdenger Gemeng a beim CIGL gemaach.

De Parquet ënnersicht och, op de Roberto Traversini géint den Artikel 107 vum Gesetz iwwert den Aménagement du territoire verstouss huet. Dobäi geet et em d'Fro, op hien Aarbechten ouni déi néideg Baugenehmegungen maachen gelooss huet.

De Communiqué vum Parquet

De Roberto Traversini hat de de Freideg de Moie seng Demissioun als Déifferdenger Buergermeeschter a Gemengerot ginn. Hien hat dobäi just vu Virwërf géint seng Persoun geschwat, obwuel en an de leschten Deeg schonn eege Feeler agestan hat. Hien huet sech a senger Erklärung och net entschëllegt. Op der Pressekonferenz sot de Roberto Traversini:

"Ech zéien heimat politesch Konsequenzen, aus deene Virwërf, déi ech an de leschten an Zesummenhang mam Ausübe vu mengem Mandat als Buergermeeschter gemaacht krut."

Wie gëtt neien Déifferdenger Buergermeeschter?

Ween nei Buergermeeschter vun Déifferdeng soll ginn, hunn déi Gréng nach net annoncéiert. Si hunn den Owend eng Reunioun mam Koaltitiounspartner CSV. Nächstgewielten ass den George Liesch, dee Bauschäffen zu Déifferdeng ass, an domat zoustänneg fir déi Froen, ëm déi et an der Enquête geet. De grénge Gemengeconseiller Frenz Schwachtgen sot no der Demissioun vum Roberto Traversini, et hätt een nach Zäit, fir e neie Buergermeeschter ze designéieren.

"Mir hunn lo keng Zäitschinn do opgesat. Et ass jo och guer net esou wichteg, well laut Gesetz muss jo lo de Buergermeeschter seng eémissioun offiziell areechen, dat geet duerch de Regierungsrot, dat kennt bei de Grand-Duc, de Grand-Duc gëtt dann eng Demissioun an dono geet et dann weider. Also dat heescht elo net, datt mir e Méinden de Moie mussen soen, do ass eisen neie Buergermeechter oder do ass déi Persoun, déi mir als neie Buergermeeschter wëllen dohinner setzen."