Radioen

On air

Notturno  |  The Düsseldorf Düsterboys - Kaffee Aus Der Küche

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Affär Chamberleak zougemaach

Chamberleak

Affär Chamberleak zougemaach

De radio 100,7 begréisst ausdrécklech, datt de Parquet d'Affär Chamberleak zougemaach huet an déi zwee Journaliste Jean-Claude Franck a Claude Biver net inculpéiert goufen.

auto_stories

2 min

Fir de radio 100,7 ass et normal a richteg, datt d'Justiz iwwerpréift huet, ob eppes Illegales geschitt ass. Et ass awer net an der Rei, datt unilateral géint Journalisten enquêtéiert gouf. D'Perquisitioun an de Raimlechkeete vum radio 100,7 gesi mir als onverhältnesméisseg un.

D'Instruktioun vum Untersuchungsriichter Ernest Nilles hätt och missten a Richtung Chamber goe fir festzestellen, ob a wéi eng Date geklaut goufen. Dat ass awer net geschitt.

Weider kritiséiert de radio 100,7 d'Denonciatioun vun der Chamber, déi och unilateral géint Journaliste geriicht ass, ouni sech selwer a Fro ze stellen.

Duerch dës Decisioun vum Parquet besteet endlech juristesch Kloerheet: De radio 100,7 huet näischt Illegales gemaacht, mee ass senger journalistescher Flicht nokomm, fir d'Bierger op den Dysfonctionnement bei der informatescher Infrastruktur vun der Chamber hinzeweisen.

Den Audit, deen d'Chamber d'lescht Joer maache gelooss huet, huet ganz vill Faillen am informatesche System festgestallt. D'Chamber huet awer nach ëmmer e Retard bei der Ëmsetzung vun de Recommandatioune vum Audit.


Hannergrond:

Dat lëtzebuergescht Parlament hat am Mäerz d'lescht Joer d'Justiz ageschalt, nodeems dëse Radio reveléiert hat, datt um Internetsite vun der Chamber eng ganz Partie intern a sensibel Dokumenter net adequat geséchert waren - dat op Basis vun de Recherchë vu Jean-Claude Franck a Claude Biver. Duerch d'Editéiere vu Weblinke konnten déi vertraulech Informatioune mat engem normale Webbrowser ofgeruff ginn.

De radio 100,7 krut vun der Chamber informatesch Intrusioun virgeheit. Am dësem Haus war et Mëtt Mee 2018 dowéinst zu enger Perquisitioun komm.

Dem Parquet no ginn et net genuch Elementer déi géifen duergoen, fir weider Poursuitte géint den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck an de Journalist Claude Biver ze justifiéieren, sou de Communiqué vum Parquet. Eng Infraktioun, déi an d'Kategorie Cyberkriminalitéit géif falen, kéinten den zwee Journalisten net virgeworf ginn.


Detailer vum Christiane Kleer:

Lauschterenplay_arrow