D'Gebai vun der Villa Louvigny soll eng Plaz ginn, wou Kënschtler an de Beräicher Danz, Musik an Theater kënne fräi schaffen a Prouwen organiséieren - mat Studioen, Atelieren a Co-Working-Spaces, erkläert d'Kulturministesch Sam Tanson.
Et soll och d'Méiglechkeet gi fir viru Public opzetrieden, mee den Haaptaccent soll op der Produktion leien.
"Mir hunn natierlech och dee groussen Auditoire dee ka benotzt ginn, fir Concerten an och fir Opnamen. Mee et geet virun allem drëms, datt mir eng Plaz schafen, wou ka geschafft a geschaafe ginn."
Neie Sëtz vu Kultur LX
Ausserdeem soll aus der Villa Louvigny den administrative Sëtz vun "Kultur LX" ginn - den Exportbüro vum Kulturministère fir d'Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerger Kënschtler.
Den Zoustännegen Architektebüro fir dëse Projet ass de Lëtzebuerger Bureau Jim Clemes - ma och däitsch a franséisch Büroe wieren involvéiert.
Zanter 2018 steet d'Gebai vun der Villa Louvigny ënner Denkmalschutz. Dofir soll déi exceptionnel Architektur vum Gebai bei de Renovatiounsarbeschten erhale bleiwen, erkläert de Bauteminister a Vize-Premier Francois Bausch.
Käschte vu 70 Milliounen Euro
An awer sollen d'Raimlechkeete vum Gebai esou ofgeséchert ginn, datt si vun de Kënschtler kënne fräi genotzt ginn. Dofir gëtt de ganze Projet enk begleet vum Institut National pour le patrimoine architectural, sou nach d'Kulturiminstesch Sam Tanson.
"De gréissten Defi war elo, datt vun der Struktur vum Gebäi, datt mir do net grouss Agrëffer maachen, an et awer un déi haiteg Zäit ugepasst gëtt. Dat heescht och um energeteschen Niveau."
Nach ass d'Gebai awer net ganz eidel - et wier een nach ëmmer amgaangen d'Archiven ze plënneren. 70 Milliounen Euro soll de Projet kaschten - finanzéiert gëtt en vum Budget vun der Administration des Batiments Publics. Een Avant-projet détaillé muss nach bis Enn dëst Joer ausgeschafft ginn, sou datt d'Aarbechten 2029 fäerdeg solle ginn.