Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wirtschaftsmigranten, Abenteurer oder Krimineller"

Chamberwahlen 2018

"Wirtschaftsmigranten, Abenteurer oder Krimineller"

Den ADR-President Jean Schoos distanzéiert sech vun enger Ausso an der Asyldebatt, déi ee Kandidat vu Wee2050 op Facebook gemaach huet. D'Wahlkampfbündnis tëscht der ADR a Wee2050 an d'Kandidatur vum Tom Weidig wieren awer net a Fro gestallt.

auto_stories

4 min

Den Tom Weidig kandidéiert fir de Wee2050 op der ADR-Lëscht am Süden. Op Facebook huet hien de 27. Juni geschriwwen:

Fir den ADR-President Jean Schoos ass "eng Ausso, fir Leit grondsätzlech als Krimineller ze bezeechnen net akzeptabel". Grondsätzlech ass hie mat der Mediekritik vum Tom Weidig awer averstanen: Et wier net richteg vu Flüchtlingen ze schwätzen, well net kloer wier, ob déi Leit de Statut géife kréien.

Kandidatur nach gülteg

ADR a Wee 2050 hunn d'Conditioune vun hirer Cooperatioun bei dëse Wahle schrëftlech festgehalen. Wat genau an deem Accord steet, wëll de Jean Schoos net soen. Kloer wier, datt déi sechs Kandidate vu Wee2050 d'Linn vun der ADR musse respektéieren.

Op Säite vun der ADR géif et kee Grond dem Tom Weidig "kuerzfristeg all d'Vertrauen" z'entzéien, seet de Jean Schoos. Den Tom Weidig hätt him an enger Aussprooch versprach, esou Aussoen an Zukunft z'ënnerloossen. Elo misst een "einfach och ee bëssi Mënschlechkeet gewähre loossen".

D'Kandidatur vum Tom Weidig wier wéinst dësem Virfall "an der jëtzeger Situatioun" net a Fro gestallt, "ausser natierlech de Wee 2050 géif selwer decidéieren, datt si hien zeréck zéie géingen."

Jean Schoosplay_arrow

Réckendeckung

De Grënner vu Wee 2050, Fred Keup, hält d'Ausso vum Tom Weidig fir "am Kär richteg", well déi meescht vun de Mënschen um Rettungsschëff "Lifeline", géifen de Flüchtlingstatut wahrscheinlech net kréien.

Hie selwer hätt d'Ausso vläicht net "tel quel esou gemaach, mee wann een dat mat gesondem Mënscheverstand kuckt, ass dat jo näischt komplett Abwegeges". Ze soen, datt do och vläicht Krimineller dobäi wieren, géif "net gutt kléngen", mee, esou de Fred Keup: "Et kann awer sinn".

Kéint een no der selwechter Logik dann och soen, datt op de Lëschte vun ADR an Wee2050 "Politiker, Abenteurer a Krimineller" kandidéieren? De Fred Keup muss als éischt laachen, an äntwert dann:

"Neen. Mee ech mengen d'Iwwerleeung ass eventuell, dass bei Leit déi aus Länner fort lafen, dass d'Méiglechkeet do ass, dass eventuell do verschiddener drënner sinn, déi ee Grond hu fir fort ze lafen, dass se eventuell gesicht ginn. Dat hate mer jo awer schonn, dass eng Partie Leit, déi sou komm sinn, dohannen entweder e Kriechsverbrieche gemaach hunn, an dann hei Asyl froen. Dat ass jo eppes, wat et gëtt."

Fred Keupplay_arrow

"Vläicht ze schnell geschoss"

Den Tom Weidig selwer wollt keen Interview ginn. D'Vertrauensbasis dofir wier net do. Schrëftlech léisst hie sech mat dëser Ausso zitéieren:

"Zu de Bootsmigranten, hunn ech kritiséiert, datt RTL pauschal déi Leit als Flüchtlingen deklaréiert huet, obwuel se dofir keng Beweiser hunn. Migranten, déi elo Asylbewerber sinn, ass dat richtegt neutraalt Wuert... An ech hu spekuléiert, datt et wuel éischter haaptsächlech Wirtschaftsmigrante sinn, mee och Abenteurer a Krimineller. An dem konkreten Fall hunn ech natierlech och keng Beweiser. Dat war vläicht ze schnell geschoss, mee ech hat just eng Etude vum Januar 2018 vum Bundesfamilienministerium gelies an déi schwätzt konkret vun nordafrikanesche Straftäter, déi Asyl gefrot hunn. Ech géif mir wënschen, datt d'Press do besser géif informéieren, da brauch een als Bierger net selwer ze spekuléieren."

Wee2050, eng Asbl mat dräi Memberen

Wann de Wee2050 een Ersatz fir den Tom Weidig misst fannen, stellt sech d'Fro, wien dat kéint sinn. Scho fir hir aktuell sechs Kandidaten ze fannen, hätte sech der Bewegung "Schwieregkeete gestallt", seet de Fred Keup. Verschiddener kéinten oder wéilten net mat goen.

D'Asbl "Wee2050" huet dem Fred Keup no just dräi Memberen. Do ronderëm géif et awer och eng "Zort Denkfabrik" ginn, wou eng Dose Leit regelméisseg derbäi wieren.

D'ADR hat dem Wee2050 aacht Plazen op hire Lëschte fir d'Chamberwahlen zougesot. D'Bewegung, déi sech am Kontext vum konsultative Verfassungsreferendum 2015 gegrënnt huet fir Campagne géint d'Auslännerwahlrecht ze maachen, schéckt awer just sechs Kandidaten an d'Rennen.

Terminologie als politeschen Enjeu

Op engem Punkt sinn de Wee2050 an d'ADR sech Eens: Et dierft ee bei de Mënschen, déi iwwert d'Mëttelmier an Europa kommen, net pauschal vu Flüchtlinge schwätzen. De Fred Keup seet:

"E Flüchtling ass een, deen de Flüchtlingstatutt krut, a sou laang si deen net kruten, sinn et Migranten. Dat ass de Fakt."

Zum Sträit iwwer d'Terminologie an der Asyldebatt, seet de Frank Wies engersäits, datt et den Terme Wirtschaftsmigrant juristesch guer net géif ginn, an:

"Den Terme Flüchtling ass fir all Persoun, déi eng Demande mécht, déi virun eppes fort leeft. Déi Persoun, déi den Asylstatutt kritt, dat ass kee Flüchtling méi, datt ass ee Beneficiaire vun der Protection internationale, wann ee wierklech de genaue juristeschen Terme wëll."

Frank Wiesplay_arrow